De Bio-Haff Baltes vu Steeën ass nach ee richtege Familljebetrib am klassesche Sënn, zesumme gefouert vum Papp Daniel Baltes mat sengem Jong Kristof an hire Fraen. 1995 ass de Betrib aus dem Duerfkär vu Steeën ausgesidelt, eng Geleeënheet fir no a no seng Aktivitéiten nei opzebauen, fir zu dee polyvalenten Haff ze ginn, deen en haut ass, mat enger Geessenzuucht, mat Limousins-Ammekéi a mat Islandpäerd. Respektabel ass och de konsequente Wee an eng nei Richtung: am Joer 2000 gouf de Betrib op Bio ëmgestallt, an 2007 huet d'Famill Baltes d'Iddi vun enger Geessekéisproduktioun ëmgesat. Well haut kënnt de gréissten Deel vum Akommes vum Verkaf vum Geessekéis - ee fir Lëtzebuerg bëssen ongewéinlechen Diversifikatiounsmodell, deen awer fonctionéiert, an deen sech iwwer d'Jore bewäert huet.
D'Haaptaktivitéit vum Bio-Haff Baltes ass d'Produktioun vu Geessekéis. Esou ginn zwee mol den Dag ronn 180 Weiße Deutsche Edelziegen gestrach, déi fir hir héich Mëllechleeschtung bekannt sinn. Pro Déier kommen iwwer d'Joer ronn 600 bis 650 Liter Mëllech zesummen. Aus där Mëllech entsteet an der eegener Kéiserei eng breet Offer vu Frëschkéis, mëlle Kéis a Schnëttkéis, alles an allem 20 bis 25 verschidde Produkter. Dobäi leen de Papp an de Jong ganz bewosst Wäert op eng eege Varietéit - een "honnertste Gouda" ass duerfir ni a Fro komm. Si hu ganz bewosst Produkter gesicht, déi et esou um Lëtzebuerger Maart nach net gi sinn. Dee ganze Produktiounswee bleift donieft an eegener Hand, vun der Mëllech bis zum fäerdege Kéis. An et ass och dës Kontroll vum ganzen Zyklus, déi der Famill déi gréisste Satisfaktioun bréngt.
An och beim Fudder ass de Bio-Haff Baltes esou eegestänneg, wéi et geet. D'Grondfudder fir d'Geesse kënnt esou vun den eegene Flächen. Aussergewéinlech ass hei déi hauseegen Heedréchnung, iwwer déi d'Hee schounend gedréchend gëtt. Dat frësch geméite Gras kënnt esou an eng grouss Hal a gëtt hei mat engem Kran op verschidde Boxe verdeelt, an a manner wéi 2-3 Deeg mat gewiermter Loft zu héichwäertegem Hee verschafft. Dat ass d'Basis fir d'Heemëllech an eng Garantie fir d'Qualitéit, déi sech och am Geschmaach vum Kéis erëm fënnt. An déi Qualitéit séchert och d'Onofhängegkeet vum ganze Betrib. Am Réckbléck ass den Daniel Baltes ganz zefridden: aus engem klengen Trapp vu 40 Déieren ass ee Betrib mat bal 200 Geesse ginn, de Beweis, datt de Courage zum Risiko sech ausbezuelt.
De Spaass um Kéis maache kënnt dohier, datt mir alles selwer kënne maachen - vun der Mëllech bis zum fäerdege Produkt. Dat ass einfach eng enorm Satisfaktioun.







