D'Géigend am Trëntenger Dall ass gepräägt vu villen Hiwwelen an Häng, wou et eigentlech ganz wéineg grouss flaach Wise ginn, déi sech gutt fir Landwirtschaft eegnen. Et ass eng aarteräich Géigend mat ale Bongerten, enger spezieller Fauna a Flora, allerdéngs ginn d'Bongerten net méi bewirtschaft an d'Terraine sinn dacks zougewuess. Scho bei senger Aarbecht am Ëmwelt- an Naturschutzsyndicat SIAS war den Daniel Lentz fir dës Regioun zoustänneg an huet hei mat de lokale Baueren an der Landschaftsfleeg mat Schof zesummegeschafft, ier hie virun 3 Joer d'Säite gewiesselt, an ee Betrib zu Ierseng iwwerholl huet.
De Bio-Haff Lentz ass mat sengen 300 Schof op Naturschutz spezialiséiert a profitéiert och duerfir vun den nationale Primen, déi duerfir virgesi sinn. Déi Schof, déi sech duerfir am Beschten eegenen, sinn déi rout Ardenner, eng Rass, déi ursprünglech aus der Belscht kënnt a ganz robust ass, weder d'Keelt nach schlecht Wieder maachen him eppes aus. "Eis Schof sinn ee gudde Kompromëss tëscht Landschaftsfleeg a Vermaartung vum Fleesch" mengt den Daniel Lentz, "mir hunn entbuschte Flächen, wou d'Schof u verholzte Planze friesse ginn, manner Buedemverdichtung wéi wa Kéi hei grasen. D' Wiss gëtt duerch Beweedung gedüngt an aner Planzen kommen op, an d'Biodiversitéit gëtt extrem héich."
Nieft de Schof huet den Daniel sech awer an deene leschten dräi Joer een zweet Standbeen opgebaut, eng Eerproduktioun mat bis elo bal 600 Leehinger a Biohaltung mat fräiem Auslaf. Bei deene Ställ gi moies automatesch Klappen op, den Auslaf muss zu 50% begréngt sinn, an si gi reegelméisseg op nei Wise geréckelt. "Ech profitéieren do ganz kloer vun Initiative vum Landwirtschaftsministère wéi Regional Saisonal, no deene Maisons Relais méi lokal akafen" confirméiert den Daniel Lentz, deen awer och Epicerien an der Stad a verschidde Restauranten zu senge Clienten zielt, an awer och ee Verkafsautomat op der Strooss zu Ierseng bedreift, deen iwwer Erwaarde gutt leeft. Säi Fazit: "Fir eng Diversifikatioun sinn Hinger ganz praktesch!"
Meng Schof erlabe mir, dat ze maache wat mer um Häerz läit - d'Natur ze schützen a gläichzäiteg ee Betrib um Liewen ze halen







