De Bio-Bauer Nico Eschette an seng Partnerin Claudine Hermes féieren zesummen en diversifizéierte Biobetrib op zwee Standuerter – zu Näertreg an zu Baschelt. Zanter méi wéi 20 Joer ass de Nico Eschette an der biologescher Landwirtschaft aktiv a säi Betrib ass breet opgestallt. Hiren Haff ëmfaasst ronn 100 Limousin-Mammekéi, 50 Hektar Akerland souwéi de biologesche Geméisubau. Dozou gehéieren ënner anerem Courgetten, Kürbissen wéi Hokkaido a Butternut, an Ënnen. Den Nico an d‘Claudine baue Courgetten a Kürbissen zënter 2020 un, nodeems e Beroder hinnen dës robust Kultur recommandéiert huet. Allerdéngs seet de Nico Eschette, dass d'Recolte vu Courgette staark vum Wieder an der Bestëbsegung duerch Béie ofhängeg ass.
De Nico Eschette an d'Claudine Hermes bewirtschaften och Grénglandflächen ënner dem Label "Naturschutzfleesch", déi si vum Jean-Pierre Neu, engem Grënnungsmember vum Label, iwwerholl hunn. Do halen si schwaarz Angus-Ranner, déi extensiv genotzt ginn. D'Claudine Hermes këmmert sech ëm d'administrativ Aufgaben um Haff, wéi d'Ofmelle vun den Déieren, d'Gestioun vum Sanitel-Programm an d'Verwaltung vum Geméisstock. Allebéid leeë si groussen Wäert op regional an biologesch Produiten. De Nico Eschette ënnersträicht d'Wichtegkeet vu kuerze Transportweeër, besonnesch wat d'ökologesch Virdeeler dovunner ugeet.
A sengen Aen ass et eng grouss Hëllef, dass lëtzebuergescht Bio-Geméis ëmmer méi an de Schoulkantinnen genotzt gëtt, well dat de Produzenten eng Planungssécherheet gëtt. Hien seet dozou: „D'Demande fir lëtzebuergescht Bio-Geméis ass do!“ Och d'Claudine Hermes betount d'Wichtegkeet, dass d'Konsumente lokal Produite wäertschätzen. Si hofft, dass d'Leit och bereet sinn, e faire Präis fir dës ze bezuelen, esou datt d'Aarbecht vun de lëtzebuergesche Baueren och honréiert gëtt. Nëmme sou kéint d'lokal Landwirtschaft op laang Siicht ënnerstëtzt ginn.
Wann e Konsument regional Produite keeft, ënnerstëtzt hien domat eis Landwirtschaft an d'Familljen, déi dohannert stinn.







