De Wee vu Feelen op Welschent läit bëssen ewech vun de grousse Stroossen am Norden, et ass eng roueg Géigend an där een just ë puer isoléiert Häff gesäit. Een dovun ass den nei opgebaute Biohaff Steichen, bedriwwe vum Michel Steichen zesumme mam Lynn, senger Fra. D'Koppel huet virun dräi Joer de konventionelle Schwéngsbetrib vun den Elteren iwwerholl an decidéiert, en neie Wee anzeschloen. Si hunn de Betrib op Biozuucht ëmgestallt a schaffen haut an engem geschlossene Kreeslaf, wou si d'Schwäi vu Gebuert u grouss zéien. Fir si steet d’Wuel vum Déier am Mëttelpunkt: d’Schwäin hu vill Auslaf, kënne sech fräi beweegen a liewen an enger Ëmwelt, déi hir natierlech Besoine respektéiert.
Topigs Norsvin ass eng roueg Schwéngsrass, déi besonnesch am Bio vill agesat gëtt, si bréngt vill gesond Fierkel op d'Welt an de gudde Goût vum Fleesch kënnt vun engem héijen Undeel un intramuskulärem Fett. All Mount kënnen d’Clienten hiert Schwéngefleesch direkt um Haff bestellen a kafen. Dëst Konzept bréngt niewebäi och d’Produzenten an d’Konsumente méi no zesummen an erméiglecht en direkten Austausch. De Feedback, deen d'Bauerekoppel kritt, ass ganz positiv: d’Leit schätzen d’Qualitéit vum Fleesch, mee och d’Transparenz an d’Méiglechkeet, de Betrib mat eegenen Aen ze gesinn. Vill Clientë soen, datt si elo e ganz anere Bléck op d’Schwéngszuucht hunn. Fir d’jonk Baueren ass dësen direkte Kontakt immens wäertvoll, well en hinnen hëlleft, sech stänneg ze verbesseren an op d’Erwaardunge vun de Konsumenten anzegoen.
Mee trotzdeem bleift de Maart fir Schwéngefleesch zu Lëtzebuerg relativ kleng, besonnesch am Beräich vum Bio. Dat mécht et net onbedéngt einfach, wirtschaftlech ze schaffen. D’jonk Entrepreneure probéieren awer, dëst duerch héich Qualitéit an e bessert Image vum Schwäin ze änneren. Fir si mussen alleguer d'Acteuren un engem Strank zéien, ugefaang bei de Produzenten iwwer d'Schluechthaus bis bei de Verkaf, a schlussendlech läit et och un de Clienten, fir hir Iddien ze ënnerstëtzen. Mat vill Engagement a Passioun hoffen si, d’Perceptioun vun de Konsumenten esou laangfristeg positiv ze beaflossen an hir Zukunft mat dëser Aart vu Landwirtschaft ze sécheren, an där si sech vill méi wuel fillen a mat där si och méi Sënn an hirer Aarbecht gesinn.
Mir verkafen zanter 2023 Bioschwéngefleesch, wichteg fir eis ass, dat et den Déiere gutt geet, well wann dat esou ass geet et dem Bauer och gutt.







