Eis Baueren:

Op Besuch zu Bur

Chantal Hellers-Bisenius

Am Dall vun der Ënnersauer fënnt ee vill Bongerte mat héichstämmege Beem. D’Grënner vu Ramborn, véier Jugendfrënn, déi an dëser wonnerschéiner Regioun liewen, hunn dës Ressource, déi bis ewell net genotzt gouf, einfach verwäert, fir e lokaalt Gedrénks, en natierleche Cider hierzestellen: Ramborn Cider. Rambo ass eng Äppelzort a Born de franséische Numm vum Duer Bur, an deem de gréisse Ciderproduzent vu Lëtzebuerg gebuer gouf.

„Et gëtt bei eis keen typesche Schaffdag, mee Saisonen. Mir schaffen effektiv am Rhythmus vun de Joreszäiten“, betount d‘Chantal Hellers-Bisenius. „Den Hierscht ass natierlech eng ganz intensiv Zäit, mat der Recolte vum Uebst an der Produktioun vun de Jusen a vun eisem Cider. Bei Ramborn verschaffe mir all Saison tëschent 400 a 500 Tonnen Uebst. 

Am Wanter an am Fréijoer planze mir a schneiden d’Beem zeréck. D’Touristesaison am Summer bréngt vill Visiteuren op de Ramborn Cider Haff, wou all eis Produiten hiergestallt a vun de Visiteuren och geschmaacht kënne ginn“, erkläert si weider.

Ramborn besëtzt selwer nëmmen e puer Hektar Bongerten, kritt dofir awer vu ronn 120 bis 150 regionale Fournisseure vill verschidden al Äppelzorte geliwwert. Fir dës Äppel- a Bierenzorten ze erhalen, huet Ramborn e Bongert mat iwwer sechzeg Varietéite vun Äppel a Bieren zu Bur ugeluecht. Bis dës Efforten „zum Droe kommen“, wäert et awer nach 30 Joer daueren.

„Zanter datt et Ramborn gëtt, këmmeren d’Leit sech besser ëm hir Bongerten oder planze souguer nei Beem un. Dat léisst déi schéi Landschaften aus eiser Regioun nees nei opliewen“, stellt d‘Chantal Hellers-Bisenius fest.

Niewent den Äppel ginn et zu Ramborn awer och Quidden a Bieren. Quidde sinn aussergewéinlech Friichten, hiren Aroma passt perfekt zu gastronomesche Platen. Mam Biere-Cider „Perry“ huet Ramborn viru Kuerzem international Präisser gewonnen an d’Hiersteller vun Äppel- a Biere-Cider deelen hinne reegelméisseg mat, datt si d’Qualitéit vum Lëtzebuerger Uebst schätzen. De gréissten Deel vun de Ramborn-Produite gëtt zu Lëtzebuerg verkaaft, dëst an de Supermarchéen, am Horeca-Secteur, iwwer Lëtzshop an natierlech och um Ramborn Cider Haff zu Bur. 

Ramborn weess, datt fir d’Konsumenten d’Hierkonft vum Uebst, d’Produktiounsmethoden an d’Wäerter hannert dem Produit wichteg Krittäre sinn. Wat d’Wichtegkeet, fir lokal a saisonal anzekafen, ugeet, stellt d‘Chantal Hellers-Bisenius fest: „De lokale Maart ass ganz wichteg fir eis, well mir produzéiere jo och lokal.“

 

Firwat regional a saisonal akafen?

Eis Konsumente si bereet, fir e lokalen, héichwäertege Produit och emol e puer Cent méi ze bezuelen.

Weider Produzenten

entdecken