De Luc an de Frank Duhr, Kosengen a passionéiert Wënzer, féieren de Clos Mon Vieux Moulin – DUHR Frères, eng traditiounsräich Kellerei zu Ohn, am Häerze vun der Lëtzebuerger Musel. Zanter 1689 bewirtschaft hir Famill dës Wéngerten a gëtt hiert eenzegaartegt Wësse vun enger Generatioun op déi nächst weider. Haut hält déi 11. Generatioun dës Traditioun héich a verbënnt modern Technike mam Respekt fir d’Ëmwelt. Den Domaine erstreckt sech iwwer 14 Hektar, wou aacht verschidde Riefzorten ugebaut ginn, aus deenen elegant Wäiner esou wéi zwee héichwäerteg Crémante produzéiert ginn.
Hiert Engagement fir en nohaltege Wäibau spigelt sech an ëmweltschounende Praktiken erëm, wéi zum Beispill dem Asaz vu biologeschem Dünger an der Fërderung vun der Biodiversitéit an de Wéngerten. D’Drauwe ginn all mat der Hand gelies. Esou gi just déi bescht Drauwen ausgewielt fir eng héich Qualitéit vun de Wäiner ze garantéieren. Déi authentesch verwëlleft Kelleren,, déi an de Bierg gegruewe goufen, bidden optimal Konditiounen, fir d’Wäiner a Barrique-Fässer, groussen Eechefässer oder thermoreguléierten Inox-Tanke räifen ze loossen– jee no gewënschtem Stil.
Nieft hirem handwierkleche Savoir-Faire leeën de Luc an de Frank vill Wäert op d’Zefriddenheet vun hire Clienten. „Mir probéieren eis ëmmer weider ze verbesseren, sief et an de Wéngerten oder am Keller, fir Wäiner ze kreéieren, déi eis Clientèle zefridde stellen,“ betount de Frank Duhr. De Clos Mon Vieux Moulin ass och eng geselleg Plaz, wou d‘Visiteure bei privaten Degustatiounen hir Passioun zum Wäin entdecken a sech op der Terrass mat Bléck op d’Wéngerten entspane kënnen.
Firwat regional a saisonal akafen?
Regional a saisonal akafen heescht, Produzenten ënnerstëtzen, déi hiren Terroir valoriséieren an d’Ëmwelt respektéieren.







