D'Corinne Kox ass eigentlech studéiert Biologin an ass iwwer ee ganz ontypesche Beruffswee, mat zum Beispill enger Statioun als wëssenschaftlech Mataarbechterin am däitsche Fernseh, schlussendlech am Familljebetrib vun den Elteren gelant. Vu fir era war et awer fir d'Meedche vum Laurent a Rita Kox kloer, dat wann hat de Betrib géif iwwerhuelen, dann op seng ganz eegen Aart a Weis. Klassesch Wéngerten aus senger Kandheet hunn hat ganz dacks gestéiert, ëmmer da wa kaum eng Blumm oder eng aner Planz hei eng Plaz fonnt huet. Genee hei sollt den Hiewel ugesat ginn, a well och säi Papp dee ganz experimentéierfreedege Wee matgaangen ass, si ganz séier eng Rei interessant Initiativen entstanen, fir de Betrib op d'Erausfuerderungen vun der Zukunft virzebereeden.
Haut gesäit een an de Wéngerte vum Domaine, déi sech op ongeféier 12 Hektar tësche Schwéidsbengen a Stadbriedemes verdeelen, nees Gewierzplanzen, oder, méi atypesch, Mandel- an Abrikosebeem, oder Kiwien, déi sech un der Südsäit vun der Kellerei ganz gutt entwéckelen. Alleng dat beweist, dat de Klimawandel zanter laangem eng Realitéit ass, an déi Wënzer, déi iwwerliewe wëllen, mussen sech un dës nei Konditiounen upassen, ob se wëllen oder net. Och duerfir gesi verschidde Wéngerte vun der Famill Kox bëssen anescht aus, wéi dat wat ee gewinnt ass, mat Beem, an déi d'Riewe kënnen erawuessen, a ronderëm Hecken, an deene Beien, aner Insekten a Villercher hier Plaz fannen. Dat heescht awer och méi Aarbecht, well d'Recolte an dëse Wéngerte mat Netzer muss geschützt ginn. Kreativ Léisunge sinn och op anere Plazen op der Musel gefrot, ëmmer do wou Wënzer ophalen an d'Wéngerten net méi ënnerhale ginn.
Mat de Resultater ass d'Wënzerin ganz zefridden, d'Riewe profitéiere bei extremer Hëtzt vum Schied vun de Beem, d'Waasser a Nährstoffressourcen vun de Stäck ginn an d'Luucht, de Buedem profitéiert vun der Symbiose mat anere Planzen, dat ganzt am Sënn vun der méi grousser Aartevillfalt. Donieft ass och d'Palette vun de Produkter aussergewéinlech breed. Nieft dem Wäin an dem Cremant produzéiert den Domaine och Jus a Verjus, an den Drauwemoscht gëtt souguer an engem gemeinsame Projet mat enger Brauerei vu Wolz fir ee Spezialbéier benotzt. Virun neie Weeër huet den Domaine also keng Angscht, an och net fir sech u ganz alen Traditiounen ze inspiréieren. Aus Georgien kennt een esou zum Beispill d'Technik vun der Vinifikatioun am sougenannte Qvevri, eng grouss Amphore aus Toun déi am Bueden läit, an déi d'Drauwen dann agelooss ginn, och déi fënnt ee just niewt der Kellerei op den Héichte vu Réimech.
Eis Wéngerte solle keng Monokulture méi sinn. Well wann déi biologesch Diversitéit méi grouss gëtt, ginn och eis Wéngerte méi resilient a méi robust.







