Moies fréi um 5:30 Auer geet et lass mat der Aarbecht am Stall, da ginn déi 1.350 Mëllechgeessen um Haff eng éischte Kéier gestrach. Déi zweete Kéier ass owes um 17 Auer. Ganzer dräi an eng hallef Stonn dauert et, bis all d’Geessen am Melkkarussell gestrach gi sinn. Déi intensiivsten Zäit vum Joer fir den Andy an d’Cassandra Kayser, déi de Geessenhaff zu Näertreg zesumme féieren, ass vu Januar bis Ufanks Abrëll, well dann ass d’Bëtschelzäit. An deene Méint komme bis zu 50 Bëtschel den Dag op d’Welt, a Spëtzenzäite souguer 80.
„D’Bëtschel, déi op d’Welt komm si, gi mat der Fläsch gedrängt. D’Geesse gi nom Sträichen och gefiddert. Da ginn d’Boxe frësch agestreet, fir datt d’Déier och gutt leien“, erkläert den Andy Kayser. Hien a seng Fra schaffen dee ganzen Dag iwwer am Stall, si gesinn also ëmmer, wann eng Geess ufänkt mat bëtschelen. „Déi meescht vun de Mammendéier ginn eleng eens. Just heiansdo, wann d’Gebuert net viru geet, da musse mir hëllefen, da leit engt Bëtschel mam Réck vir an da musse mer dat just dréinen.“
Am Géigesatz zu de Schof, déi och alt mol an der Nuecht hier Kleng op d’Welt setzen, fänke Geessen net an der Nuecht u mat Bëtschelen. Dat huet domat ze dunn, datt Geessebéck an der Nuecht net aktiv sinn. „Wann eng Geess mëttes um 15 Auer gedeckt ginn ass, da bëtschelt se gemengerhand och 150 Deeg méi spéit mëttes um 15 Auer. A well de Bock nuets net aktiv ass, kommen och keng Bëtschel an der Nuecht op d’Welt“, sou den Andy Kayser.
D’Mëllech vun de Geessen verkeeft de Geessenhaff Kayser un eng Molkerei an der Belsch, déi doraus Kéis mécht, den een zu Lëtzebuerg a Supermarchéë kafe kann.
Firwat regional a saisonal akafen?
Ganz kloer wéint de kuerze Weeër. Mir perséinlech brauche keng Liewensmëttel, déi Dausende Kilometer wäit heihin transportéiert ginn. Déi meescht kritt ee jo och aus regionaler Produktioun.







