Just an der Entrée vu Beetebuerg vis-à-vis vun der fréierer Molkerei Celula läit de Gehaanshaff, ee Familljebetrib a véierter Generatioun, deen 1925 gegrënnt gouf, deen eenzege vun ursprénglech 12 Beetebuerger Häff, deen iwwreg bliwwen ass. De Gilles Biver huet de Betrib 2017 definitiv vu sengem Papp iwwerholl, an huet zanterhier ee Koup nei Iddien ëmgesat, vun deenen déi meescht och opgaange sinn. Wichtegst Produktioun bleift wuel d'Mëllech, 65 Kéi ginn esou all Dag mat Hëllef vun engem Melkroboter gestrach. Vis-à-vis steet donieft de mobillen Héngerstall, d'Eeër aus Fräilandhaltung ginn am Haffbutték verkaaft oder zu Nuddele verschafft. Wierklech nei Weeër zu Lëtzebuerg geet de Gilles awer zanter ë puer Joer mam Ubau vu Quinoa, eng Planz déi eigentlech an den Anden doheem ass, mee déi och elo zu Lëtzebuerg am kommen ass.
Dat wat 2021 mat engem Hektar ugefaangen huet, konnt de Gilles bis haut op 18 Hektar ausbauen, de Quinoa spillt deemno nieft Weess, Geescht a Mais eng ëmmer méi grouss Roll, dat och well d'Produkt vu Lëtzebuerger Konsument gutt ugeholl ginn ass. Vun Ufank u war de Quinoa vu Beetebuerg an de Frëschmaart, an de Schoulen an an de Kantinnen, mee dat sougenannte Gold aus den Anden huet och seng fest Plaz a ville vun den Haffbuttéken, déi uerschter d'Land bedriwwe ginn. Dobäi eegent sech de Quinoa nëmme bedéngt fir eisen dach relativ fiichte Klima, ee Problemer deen de Gilles mam Choix vun adaptéierte Varietéiten an de Grëff kritt huet. D'Virdeeler vum Quinoa leien op der Hand, en ass glutefräi, huet verschidden essentiel Aminosaieren an et ass vill Eewäiss dran, ideal ze brauchen als Fleeschersatz.
Wichteg ass fir de Gilles och den Aspekt vun der Nohaltegkeet, de Quinoa gëtt net gesprëtzt an d'Onkraut gëtt mechanesch eliminéiert, de Produzent weess also ganz genee wat a senge Stécker lass ass. Dobäi komme kuerz Transportweeër, déi de grénge Foussofdrock nach verbesseren. D'Produktioun am Feld ënner de lokale Konditioune war awer nëmmen eng Erausfuerderung, d'Vermaartung vun deem dach nach relativ wéineg bekannte Produkt war déi aner. An och dat ass dem Gilles gutt gelongen, mat engem eegenen Design, engem markante Packaging ass et drëm gaangen, virop déi professionel Clientèle ze iwwerzeegen, fir sech esou breet wéi méiglech opzestellen. Mee och de private Client gëtt dobäi net vergiess, zanter kuerzem bedreift de Gehaanshaff duerfir säin eegenen Haffbutték, fir de Gilles déi ideal Plaz fir een direkten Austausch tëschen de Produzenten an hire Konsumenten.
Et ass mir wichteg, dat de Konsument direkt beim Bauer ka kafen an och beim sengem eegene Produzent dat fënnt, wat hien interesséiert.







