D'Geschicht vum Haff Arend zu Nidderwampech, esou wéi mer en haut kennen, ass déi vun dräi Bridder, déi zesumme mat hirem Papp an deene leschte 25 Joer eng gréisser Struktur opgebaut hunn, déi sech komplett op Eeër spezialiséiert huet. Em d'Joerhonnertwenn huet de Rob Arend d'Decisioun geholl, aus der Mëllechproduktioun eraus ze goe fir op Hinger an Eeër ze setzen, eng Decisioun déi der Famill bis haut net leed gedoen huet. Am Joer 2000 gouf esou deen éischten neie Stall extra fir Hinger gebaut, a wéi seng 3 Jonge Christophe, Philip a Jacques no an no hir Schoul fäerdeg gemaach hunn an an de Betrib erageklomm sinn, gouf d'Aktivitéit ëmmer nees ausgebaut, op haut dräi Strukturen, Ferme Arend, Arovo an Ovolux. Déi éischt ass zoustänneg fir d'Produktioun vun den Eeër aus Buedem- a Fräilandhaltung, déi um heemeschen Haff gehale ginn.
Net all d'Eeër hunn awer d'Gréisste M oder L, déi um Maart am Beschte verkaaft ginn. Relativ séier stoung du fest, dat de Risiko sech kéint lounen, fir an eng Transformatiounsanlag fir Flëssegee ze investéieren, och aus der Erkenntnis eraus, dat de professionelle Secteur vu Kantinnen, Cliniquen, grouss Gastronomie a Bäckereie quasi nëmme mat Flëssegee schafft. Den heemeschen Haff zu Nidderwampech gouf doropshin komplett ëmgebaut, mat der Installatioun vun héichperformanter Technik fir d'Transformatioun vun den Eeër, ugefaang mat enger spezialiséierter Opschlomaschinn, déi Vollee ka produzéieren, mee déi och d'Eegiel an d'Eewäiss kann trennen. Hannendrun gëtt alles d'éischt pasteuriséiert fir um Enn a Verpackungen vun engem Kilo ofgefëllt ze ginn.
Zu Eeselbuer steet zanter 2024 dat neiste Standbee vun der Struktur, eng performant Verpakungsstatioun, fir d'Eeër kënnen iwwer all Weeër kënnen ze verdreiwen. D'Eeër ginn hei komplett automatesch gewien, no Klassen zortéiert an dono a Këschte verpaakt. Bei d'Eeër vun den eegenen Hinger kommen déi vu 6 anere Produzenten dobäi, déi sech alleguer iwwer dee Wee een zweet Standbee konnten opbauen. An esou hunn sech déi dräi Gebridder Arend d'Geschäft gutt opgedeelt, de Christophe këmmert sech haaptsächlech em d'Hinger an d'Eer, de Philipp ëm d'Transformatioun zu Flëssegee, an de Jacques ëm d'Verpackungsstatioun. D'Gebridder kucke ganz positiv an d'Zukunft, hir Filière leeft gutt well d'Nofro um lokale Maart vill méi grouss ass ewéi d'Offer. Domat ginn net nëmmen d'Präisser weider an d'Luucht, mee et ass och nach Plaz fir weider Zouliwwerer do.
Mir si ganz zefridde mat deem wat mer erreecht hunn, well mer fir de lokale Maart eng Filière opgebaut hunn, vun där och aner Produzente kënne profitéieren.







