Eis Baueren:

Op Besuch zu Giewel

Haff Mangen

Wuel wéi keng aner Regioun vu Lëtzebuerg ass de Westen zanter jeehier vun der Landwirtschaft gepräägt, ee Beispill ënner villen ass déi grouss galloréimesch Villa Rustica aus dem 1. Joerhonnert zu Giewel, wou deemools schonn op de gudden Ackerbieden an der Géigend geschafft gouf. Just ee Kazesprong nieft dëser Villa läit den Haff vun de Gebridder Luc a Marco Mangen, haut ee klassesche Mëllechbetrib, deen awer als zweet Standbee vill Wees fir d'Klengbettener Millen produzéiert. Och dat ass keen Zoufall, leien déi meescht Stécker dach knapps emol 7 Kilometer vun der Millen ewech. De Karschnatz ass elo am August no puer Woche Ree voll am gaangen.

De Broutweess vum Haff Mangen gëtt fir de nationale Label "Produit du Terroir - Lëtzebuerger Wees, Miel a Brout" produzéiert an op d'Klengbettener Millen geliwwert, déi sech och engagéiert huet, just Kären aus dem Label ze verschaffen. Ugebaut gëtt nëmmen déi héichste Qualitéit a gesprëtzt gëtt an de Stécker esou wéineg wéi méiglech. Zanter enger Zäit huet de Luc Mangen sech niewt dem Broutwees mam méi haarde Wees fir d'Nuddelproduktioun diversifizéiert. Den Ofsaz fir seng Produktiounen ass gesëchert, fir hie steet fest: "Et ass eng Chance, dat mir zu Lëtzebuerg souwuel fir de Wees wéi och fir d'Mëllech vill lokal Acteuren hunn, déi un eiser Produktioun interesséiert sinn."

D'Haaptaktivitéit vum Haff bleift awer d'Mëllechproduktioun mat 120 Kéi. D'Gebridder Mangen schaffe mat zwee Mëllechroboteren, d'Produktioun geet op de Rouscht bei d'Luxlait. D'Fleeschproduktioun spillt zanter enger Zäit nach just eng Nieweroll, just ë puer Limousinsbéischten bleiwen am Trapp, ë bëssen aus Nostalgie fir vergaangen Zäiten, an deene fréier Generatioune vun der Famill nach méi breet opgestallt waren, wéi elo. Déi gréissten Erausfuerderung fir d'Landwirtschaft zu Lëtzebuerg gesäit de Luc Mangen haut am Klimawandel an an der Erfëllung vun den nationale Klimaziler, wou d'Baueren elo scho vill géife maachen, fir d'CO2 Emissiounen ze reduzéieren. Suerge fir déi lokal Produktioun mécht hien sech awer net, well d'Qualitéit onbestridden héich ass, an den Ofsaz gutt.

Et ass een all Dag houfreg drop, säin Deel zu engem Produkt bäizedroen, dat hei zu Lëtzebuerg produzéiert, verschafft a verkaaft gëtt.

Weider Produzenten

entdecken