Eis Baueren:

Op Besuch zu Hënsdref

Haff Sonnebierg

Den Yves Hoffmann féiert de Familljebetrib um Sonnebierg an der drëtter Generatioun. 2007 ass de fréiere Mëllechbetrib aus dem Duerf op de Sonnebierg ausgesidelt an huet seng Aktivitéiten zanterhier kontinuéierlech erweidert. Mëllechkéi fënnt ee keng méi, mä dofir hält d’Famill Hoffmann haut 60 Mammekéi an eng 120 Maaschtdéieren, bedreift Akerbau (Weess, Triticale, Kar, Mais en Ierbessen), baut Uebst a Geméis un, bitt landwirtschaftlech Servicer un a bedreift eng Päerdspensioun. Zanter 2023 mécht den Yves Hoffmann och mat sengen 16.000 Poulete beim Label Lët’z Poulet mat. Dem Yves seng Fra, d’Cathy, këmmert sech ëm de Päerdshaff mat der Pensioun a seng Eltere Jos an Anette paken och nach ëmmer gären eng Hand mat un. Wärend der Spargel- an Äerbirssaison brauch den Yves awer eng Dose Saisonnieren.

D’Famill Hoffmann huet sech zu Lëtzebuerg mëttlerweil en Numm gemaach fir hir excellent Spargelen. Alles huet ugefaange wéi de Jos Hoffmann eng Rei ugeplanzt huet fir den Eegebedarf. Et huet sech erausgestallt, datt de liichte Sandbuedem um Sonnebierg déi ideal Viraussetzung ass fir Spargelen ze produzéieren. Duerch Zoufall ass e grousse Lëtzebuerger Liewensmëttelgrossist op d’Spargele vun der Famill Hoffmann opmierksam ginn. Et war séier gewosst, datt et fir regional a saisonal Spargelen zu Lëtzebuerg e grousse Marché gëtt an haut ginn um Sonnebierg op 11 ha, jee no Saison, tëschent 25 an 30 Tonne Spargele recoltéiert.

Nieft Hammbier a Bieren fënnt een zu Hënsdref och Äerdbieren, en Uebst wat fréier omnipresent an der Steeseler Gemeng war. Fir vill Privatclienten aus dem Uelzechtdall ass d’Annette Hoffmann e Begrëff. Vun Abrëll bis Juni ass si d’Gesiicht vum Hofladen um Sonnebierg, wou niewent de wäissen a grénge Spargelen och Äerdbier, Hammbier a Gromperen aus eegener Produktioun verkaf ginn. Donieft fënnt een och Zozisse, Mettwurschten, regional frësch Eeër an Hunneg. “Well mir haaptsächlech saisonaalt Uebst a Geméis verkafen ass de Buttek just bis zum Enn vun der Spargelsaison op. Dono hu mir awer nach e klenge Verkafsstand ënnen am Duerf fir eist Äerdbier an eist Hammbier ze verkafen,” erkläert den Yves Hoffmann.

Firwat regional a saisonal akafen?

Wie bei eis am Buttek Spargele keeft, dee kritt e Produit, deen den Dag virdrunner recoltéiert gouf. Méi frësch geet et net. An dat schmaacht een och!

Weider Produzenten

entdecken