Zesumme mat sengem Brudder Rick, sengem Papp Claude a senger Fra Pole féiert de Jeff Thiry de Familljebetrib zu Schuller. Donieft schaffen nach 4 Mataarbechter um Betrib, haaptsächlech an der Molkerei. D’Famill Thiry hält eng 70 Mëllechkéi, Maaschtstéieren aus eegener Nozucht an zanter kuerzem och eng 8600 Pouleten déi ënner dem Label Lët’Z Poulet vermaart ginn. 2013 hu si d’Decisioun geholl, hir eege kleng Molkerei um Haff ze bauen. Méi wéi d’Hallschent vun deene knapp 600.000 Liter Mëllech déi d’Kéi d’Joer ginn, gëtt an dëser Molkerei verschafft: entweder zu frëscher Mëllech, zu Schockelasmëllech, oder zu Jughurten, Glacen a Puddingen. D’Iddi hannert der eegener Molkerei erkläert de Jeff Thiry esou: “Eis Iddi ass et, datt dir eis Produkter esou natierlech a frësch wéi méiglech kritt.”
D’Famill Thiry leet ganz vill Wäert op d’Wuelbefanne vun hire Béischten. Am Wanter kënne si sech am helle Stall fräi beweegen. Vun Abrëll bis Oktober sinn d’Kéi da ganzdaags op der Weed ronderëm dem Haff. Gefiddert gëtt nëmme gentechnikfräi an haaptsächlech och Fudder wat um Betrib produzéiert gëtt. An der Molkerei um Haff gëtt d’Mëllech just schounend pasteuriséiert an net standardiséiert. Dat heescht datt den natierleche Fettgehalt, an esou och de Goût an d’Inhaltsstoffer, erhale bleiwen. “Dat ass eng naturbeloosse Mëllech wéi fréier”, schwäermt de Jeff Thiry, dee Mëllechbauer aus Leidenschaft ass.
Um Site www.molkerei-thiry.lu kann ee kucke wou een iwwerall d’Produiten aus der Molkerei Thiry kritt. Si liwweren och a ronn 50 Maison Relaisen an Altersheimer. Natierlech kënnt Dir och bei d’Famill Thiry op Schuller an de Buttek goen, wou Dir niewent hire Mëllech-Produiten och frësch Eeër a vill Fair Mëllech-Produiten, wéi Botter, Ram a Kéis fannt. “Well mir an der Famill zu zwee um Haff bleiwe wollten, d’Mëllechproduktioun awer schwéier auszebaue war, hu mir eis 2013 dofir entscheet eis Mëllech selwer ze verschaffen. Kierzlech wollte mir dann op e weidert Standbee setzen an och Lëtzebuerger Poulete produzéieren, grad och well et do e grousse Marché hei am Land gëtt,” esou de Jeff iwwert d’Entwécklung vum Familljebetrib.
Firwat regional a saisonal akafen?
Eis Mëllech ass a manner wéi 24 Stonne vum Auder am Buttek. Dofir schmaacht se och esou natierlech a frësch







