Matzen an enger schéiner hiwweleger Landschaft a wäit ewech vun de grousse Verkéiersachse läit dat klengt Weller. Mir sinn an der Gemeng Pëtschent, ganz um Rand vum Duerf wunnt a schafft d'Famill Vaessen-Bastin. Mat der Mëllechproduktioun ass de Marc Vaessen opgewuess, hien, grad wéi säi Brudder Pascal, deen och ee Mëllechbetrib um Scheierbierg bei Veianen bedreift. Hier Elteren hunn zu den éischten Hollänner gehéiert, déi Ufank vun de 50ger Joren aus der Géigend vu Maastricht op Lëtzebuerg gezu sinn, fir hei an der Landwirtschaft hiert Gléck ze fannen, an hiert Wësse vu Generatioun zu Generatioun virun ze ginn. Zu Weller hält de Marc 90 Mëllechkéi, déi 2x den Dag am Melkstand gestrach ginn.
D'Famill Vaessen huet viru 15 Joer, wéi se den neie Stall gebaut hunn, bewosst d'Decisioun geholl, op de Confort an déi technesch Avantagë vun de Melkroboteren ze verzichten. "Ee Bauer, dee moies an owes seng Kéi sträicht gesäit ganz séier, wann et enger Kou net gutt geet! Déi selwecht Kéi kommen ëmmer als éischt an anerer ëmmer als läscht, an et mierkt ee ganz gutt wann eng ee Problem huet. Et ass ee méi no un der Kou drun, dat ass esou!" mengt de Marc Vaessen zu deem Thema, "menger Fra a mir ass et einfach wichteg, d'Gespier fir eis Kéi am deegleche Kontakt mat hinnen ze halen."
D'Kéi si vun Abrëll bis November dobaussen op der Weed, fir de Marc eng méi aartgerecht Haltung déi d'Déierewuel staark erhéicht, an dem Zuuchtbetrib de grousse Virdeel bréngt, dat d'Kéi méi al ginn a méi laang um Haff bleiwen. Donieft hëlt och de Krankheetsdrock of, wann d'Déieren dobausse sinn. D'Haltung op der Weed gëtt och iwwer Programmer wéi Autograssmilk oder "Méi Weed" mat klenge Primen ënnerstëtzt. Nieft de Mëllechkéi huet de Betrib och nach 80 Mammeschof vun der Rass Texel, déi an de Wisen nach Grieser kënne verwäerten, déi d'Kéi stoe loossen.
All moies ze gesinn, wéi benzeg d'Kéi si fir aus dem Stall, ass fir mech dat beschten Zeechen, dat d'Weed déi aartgerechsten Haltung ass.







