Den Hiesshaff zu Walter ass en typesche Lëtzebuerger Familljebetrib. Gefouert gëtt de klenge Mëllechbetrib an der 3.Generatioun vum Claude Majerus. Tatkräfteg gehollef kritt hie vu senge véier klenge Meedercher, senger Fra a senger Mamm, déi sech nach ëm d’Jonkvéi këmmert. Um Hiessshaff gi 70 Mëllechkéi a 55 Mammekéi vun der Rass Blanc Bleu Belge an Angus gehalen. Nieft de Béischte bedreift de Claude Majerus op sengen 130 Hektar och Akerbau. “Wann eng Produktioun net esou gutt leeft, da leeft eng aner besser! Ass z.B. de Präis vun der Mëllech déif, sinn d’Präisser vun de Kären normalerweis méi héich,” erkläert hien dës Diversifikatioun.
Op Facebook kann een dem “Bauer Hiessert”, wéi de Claude Majerus do genannt gëtt, säin Alldag duerch d’Saisone verfollegen.
Do léiert een z.B. wat hien alles mécht fir d’Grondwaasser ze schützen. Dëst ass besonnesch wichteg, well säi Betrib zu 90% an engem Waasserschutzgebitt läit. Nohaltegkeet gëtt um Hiesshaff souwéisou groussgeschriwwen. Op all den Diecher fënnt ee Solaranlagen, déi bis zu 600kw grénge Stroum erzeugen.
Fir de Claude Majerus ass et och wichteg, datt e weess wou seng Fuddermëttel hierkommen an datt se genfräi sinn. Zanter 10 Joer fiddert hien och kee Soja méi mä just op Rapsbasis. “Duerch de Klimawandel wäerten nach vill Erausfuerderung op eis Baueren zoukommen.
Et muss ee flexibel sinn an sech ëmmer rëm upassen,” esou de Bauer vu Walter.
Um Hiesshaff ginn d’Mammekéi an d’Jonkvéi vun Abrëll bis November op d’Weed. D’Mëllechkéi gi vun engem Melkroboter gestrach. Dësen iwwerdréit och all wichteg Donnéeë vun de Kéi op dem Claude säin Handy. Esou kann hie scho ganz fréi erkennen, wann eng vu senge Kéi eppes huet an se esou zäitno behandelen.
“Et ass evident, datt d’Digitaliséierung de Baueren d’Aarbecht wesentlech erliichtert. Mä d’Technologie entwéckelt sech hautzudaags esou rasant, et ass souguer fir mech net ëmmer einfach do nozekommen,” gëtt de jonke Mëllechbauer zou.
Firwat regional a saisonal akafen?
Wat d’Weeër méi kuerz sinn, wat alles méi frësch ass a méi Goût huet!
erkläert de Claude Majerus. Fir seng Kanner ass d’Äntwert op déi Fro evident:
Well et einfach besser schmaacht!






