De Kopphaff zu Wickreng läit just nieft dem neien Akafszenter un der Escher Autobunn an ass e Familljebetrib mat laanger Traditioun, dee laang virdrun, schonn 1849 opgebaut gouf an zënterhier vu Generatioun zu Generatioun weidergi gëtt. Laang Jore gouf um Haff Mëllech a Schwéngefleesch produzéiert, bis de Marco Clemes 1972 déi éischt Limousin-Ranner op den Haff bruecht huet. Haut féiert den Enkel Ben Majerus de Betrib mat där selwechter Passioun fir d'Rasse Limousine, fir déi hien och international als Juge ënnerwee ass. Ënner senger Féierung huet den Haff eng kloer Richtung fonnt, déi sech bewosst vun der industrieller Masseproduktioun ofgrenzt. De Schwéierpunkt bleift d'Limousinzuucht, donieft lafen zanter bal 10 Joer och nees Schwäin an ë puer Schof, ëmmer nom Motto: net méi grouss, mä anescht.
Am Mëttelpunkt vum Kopphaff steet déi aartgerecht Déierenhaltung, déi de Ben Majerus konsequent verfollegt. Vu Fréijoer bis Hierscht stinn d'Déieren op der Weed, hiert Fudder kënnt haaptsächlech aus eegener Produktioun a besteet ausschliisslech aus gentechnikfräie Komponenten. D'Limousin-Béischte sinn d'Häerzstéck vum Betrib, wougéint nieft der Fleeschproduktioun och d'Herdbuchzuucht eng wichteg Roll spillt. D'Schwäin si 2018 derbäikomm, wéi sech e klengen Dram vum Ben senger Fra Mara erfëllt huet an déi éischt zwee Bentheimer op den Haff koumen – eng sielen a robust Rass mat uerdentlech Fleesch op de Rëppen. D'Fräilandschwäin ergänzen d'Offer vum Fleesch ideal. Fir de Ben Majerus zielt net d'Quantitéit, mä d'Qualitéit an d'Wuel vu sengen Déieren, am Aklang mat der Natur.
Zanter Joren setzt de Ben Majerus och op d'Direktvermaartung vum hauseegene Fleesch, ugefaang mat deem vun de Limousinsbéischten, mëttlerweil gouf d'Offer op d'Produkter vun de Bentheimer Schwäin erweidert. Verkaaft gëtt iwwer e klengen Haffbuttek, dee ronderëm d'Auer accessibel ass. Als Grënnungsmember vun der Initiative "Fro de Bauer" ass fir de Ben Majerus den direkte Kontakt mam Konsument besonnesch wichteg, well dee Vertrauen an Transparenz schaaft. Duerch de bewosste Kaf ënnerstëtzen d'Cliente eng aartgerecht Déierenhaltung an e fairen, ugemoossene Präis. De Kopphaff vu Wickreng bedeelegt sech zousätzlech, an Zesummenarbecht mam Landwirtschaftsministère, un Initiative wéi "LetzFarm", a mécht esou seng Diere fir Schoulklassen op, fir de Kanner d'Landwirtschaft méi no ze bréngen.
Mir gi weider de Wee vun der direkter Vermaartung, fir ee faire Präis fir eis Produkter ze erreechen an eis Déieren esou aartgerecht wéi méiglech ze halen.







