Eis Baueren:

Op Besuch zu Liljen

Lilienhaff

De Lilienhaff läit an engem ganz rouegen Eck vum Land, op der Streck vu Bech op Hierber, um Bord vu grousse Bëscher. 2022 huet de Felix Miny de Betrib vu sengem Bop iwwerholl, dem Johny Dahm, landbekannt duerch seng Brennerei, aus där verschiddensten Zorte Branntewäin a Liköre kommen, ënner anerem och Hunnegdrëpp. Och de Felix féiert déi Traditioun zesumme mat sengem Bop virun, well d'Distillerie ass eng Méiglechkeet, d'Bongerten direkt beim Haff ze valoriséieren, Bongerten déi iwwregens och soss am Osten vum Land wäit verbreet sinn. Am Hierscht ginn esou Mirabellen, Quetschen, Bieren an Äppel beim Haff gesammelt an zu Viz a Gebeess verschafft, déi am eegenen Haffbutték ugebuede ginn. De Rescht geet zanter jeehier an d'Haffbrennerei.

De Felix Miny huet wuel wëlles, déi Familljentraditioun bäizebehalen, säi Betrib berout awer op vill méi Standbeener, mat virop dem Geméisbau, déi beschte Method de klengen Haff mat relativ wéinege Flächen ze rentabiliséieren. Spezialiséiert ass de Felix ënner anerem op Zucchini, Melounen a Kürbissen, alles eenzel Nischen, déi awer ee gudden Ofsaz fannen, ënnert anerem och iwwer de Programm "Natur genéissen", dee regional a saisonal Liewensmëttel an ëffentleche Kantinnen, Maisons Relais a Crèchë promouvéiert, engersäits well gesond Liewensmëttel eng wichteg Roll an der Entwécklung vun de Kanner spillen, anersäits och well iwwer dee Projet an Zesummenaarbecht mat de Bauere wäertvoll Liewensräim sollen erhalen a geschützt ginn.

Och een anert Standbeen vum Haff, d'Mutterkuhhaltung mat ronn 25 Angusbéischte stäipt sech fir d'Vermaartung vum Rëndfleesch mat Hëllef vun deemselwechte Programm, deen och eng adequat Fidderung an eng déieregerecht Haltung viraussetzt. Dat passt bei d'Philosophie vum Haff, esou vill wéi méiglech soll lokal an ouni Ëmweeër zum Beispill iwwer den Haffbutték verkaf ginn. D'Blummewiss op der Schanz funktionéiert no deemselwechte Prinzip, ideal geleeën op der Iechternacher Strooss kënne d'Leit sech hire Bouquet selwer schneiden an op der Plaz onkomplizéiert bezuelen. De Felix Miny, deen de Lilienhaff zesumme mat senger Partnerin bedreift, wëll elo an deenen nächste Joeren déi aktuell Aktivitéite consolidéieren, ier een da weider Iddie ka verwierklechen.

D'Iddi ass, datt d'Plus Value vun eise Produkter um Haff bleift, duerfir probéiere mer, esou vill wéi méiglech vun eisem Geméis, Uebst a Fleesch direkt ze vermaarten

Weider Produzenten

entdecken