Et ass ee waarme Septembermoien an engem Gromperestéck ganz no bei Dol am Norde vu Lëtzebuerg. Eng Rei Trakter mat Unhänger waarden op eng vun den dräi Erntemaschinnen, déi hei d'Gromperen eran huelen: d'Saison ass am voll am gaangen. De Marc Nicolay huet dëst Feld gepacht, op am Ganzen 400 Hektar an engem Ëmkrees vu 50 Kilometer zillt de gevivten Entrepreneur seng Gromperen. Säi Sëtz bleift allerdéngs am Südweste vum Land, zu Féngeg, de klassesche Mëschbetrib mat Mëllech, Fleesch a Weess huet sech am Laf vun deene leschte 25 Joer ëmmer méi op d'Gromperenzuucht spezialiséiert, mam Opbau vun neie Veraarbechtungsmethoden a vun engem performante Verkafsréseau. An de klimatiséierten Hangaren zu Féngeg an zu Ëlwen lageren zanter Joren Grompere vu verschiddenste Varietéiten, fir de Lëtzebuerger Maart dat ganzt Jar iwwer mat der selwechter Qualitéit ze beliwweren.
D'Felder, déi de Marc Nicolay bewirtschaft, leien haaptsächlech am Éislek, souguer iwwer d'Grenz ewech, zum Beispill hei bei Dol oder weider erop ronderëm Ëlwen. De Buedem ass hei manner lehmhaltig wéi am Guttland an ass dofir besonnesch gëeegent fir d'Kultur vu Gromperen – wéinst de ville Steng am Bueden kann d'Waasser donieft méi effektiv offléissen, e klore Virdeel bei naassem Wieder. Och wann an de Felder modernste Maschinne vu grousse Lohnunternehmen an den Asaz kommen, geet et ouni manuell Hëllef nach net, iwwer eng Dosen Aarbechter hëllefen beim Tri. "Am Ausland sëtzt kee méi op der Maschinn – nëmmen de Chauffeur. Dat wëll ech net: wann ee Qualitéit liwwere wëll, an de Maart mat frësche Produkter versuergen, brauch een och gutt Leit…"
D'Weiderveraarbechtung vun de Grompere geschitt zu Féngeg: hei steet eng eng héichperformant Wäschanlag, déi de Buedem vun de Gromperen ewech botzt, dat gëtt esou vum Client erwaart. Dono kënnt d'Kontroll, eng videogesteiert Sortéiermaschinn erkennt automatesch Gromperen mat Onperfektiounen an zortéiert se eraus. Direkt niewendrun ginn d'Gromperen a Pabeiertuten oder a gréisser Säck fir Groussclientë gefëllt, si sinn dono prett fir d'Ausliwwerung ënner dem Label vun der Landwirtschaftskammer 'Produit du terroir – Lëtzebuerger Gromperen'. De Marc Nicolay ass haut de gréisste Grompereproduzent am Land, jiddereen zu Lëtzebuerg kennt seng 'Lëtz Frites' oder och 'Lëtz Chips', déi an Zesummenaarbecht mat der Provençale verdriwwe ginn, ee weidere Beweis dat de Risiko, an nei Nischen ze investéieren, sech duerchaus loune kann.
De regionale Maart huet mir d'Méiglechkeet ginn, mäi Betrib op Gromperen ze spezialiséieren. Ouni eis trei lokal Clientë wier dës Entwécklung net méiglech gewiescht.







