Op deene Plazen am Süde vum Land, wou fréier Minett als Matière première fir d'Stolindustrie ofgebaut ginn ass, huet zanter laangem nees eng aarteräich Natur d'Iwwerhand geholl, an d'Géigend ass haut als Wanderregioun iwwer d'Grenze vum Land eraus beléift. A fir datt dat och esou bleift, ass ënner dem Impuls vun der Naturverwaltung 2017 ee Projet entstanen, deen iwwer eng intelligent Beweedung déi wonnerschéi lieweg Kulturlandschafte soll erhalen. Zanterhier gehéieren d'Schof an d'Geesse vum Paul Kail zum gewinnten Dekor. Een traditionelle Wanderschéifer zitt mat den Déieren no engem vun engem vun der ANF genee am viraus definéierte Plang duerch déi eenzegaarteg Natur, fir d'Verbuschung vun dëse Biotope mat hire verschiddenste Grieser an Orchideeën ze evitéieren.
D'Gebridder Guy a Paul Kail bedreiwen eigentlech ee konventionelle Mëllechbetrib zu Biergem, hir Minetter Schof si fir si een zweet Standbeen, dat sech am Laf vun der Zäit ganz gutt entwéckelt huet. Vun Mee bis November hëlleft hinnen ee routinéierte Wanderschéifer aus Polen, mat engem Trapp vun haut 500 Schof an 80 Geessen d'Wisen an den Terres Rouges tëscht Déifferdeng an Diddeleng ze beweeden. Déi rout Ardennerschof si ganz robust, gutt zu Fouss a gutt am lamen, ideal fir dës Géigend, well weder d'Keelt nach schlecht Wieder hinnen eppes aus maachen. D'Geessen am Trapp sinn donieft fir de Verbass vun den Hecken zoustänneg.
Duerch d'Beweedung ginn d'Wise gedüngt, nei Planzenzorten, déi ganz dacks iwwer d'Fell vun de Schof viru gedroe ginn, kënnen sech op anere Plazen entwéckelen. D'Biodiversitéit an de Biotopen op den eigentlech nährstoffarme Bieden gëtt duerfir ëmmer méi héich. Geschützt ginn esou Orchideeën an aner Blummen, déi et am Rescht vum Land guer net gëtt, mee och Villercher wéi d'Bëschléierchen, déi hiert Nascht um Bueden baut fir do ze bréien. De Paul Kail freet sech iwwer seng nohalteg Aktivitéit, hien zielt awer och op d'Versteesdemech vun de ville Leit, déi op dëse Plazen op de flotte Wanderweeër ënnerwee sinn, ganz oft mat hiren Hënn, déi net ëmmer an der Léngt gehale ginn.
Ech si frou iwwer de positiven Impakt, deen eis Aktivitéit mat de Schof an de Geessen op eis Kulturlandschaften huet.







