Eis

Baueren

Op Besuch zu Ohn
De Luc an de Frank Duhr, Kosengen a passionéiert Wënzer, féieren de Clos Mon Vieux Moulin – DUHR Frères, eng traditiounsräich Kellerei zu Ohn, am Häerze vun der Lëtzebuerger Musel.
Op Besuch zu Lampech
De Pretemer Haff zu Lampech ass e Familljebetrib, deen 1929 vum Eugène Pretemer gegrënnt gouf. 1994 huet den Nico Hoffmann, den Enkel vum Eugène, d’Leedung vum Haff iwwerholl.
Op Besuch zu Näertreg
De Bio-Bauer Nico Eschette an seng Partnerin Claudine Hermes féieren zesummen en diversifizéierte Biobetrib op zwee Standuerter – zu Näertreg an zu Baschelt.
Op Besuch zu Schuller
Zesumme mat sengem Brudder Rick, sengem Papp Claude a senger Fra Pole féiert de Jeff Thiry de Familljebetrib zu Schuller.
Op Besuch zu Hënsdref
Den Yves Hoffmann féiert de Familljebetrib um Sonnebierg an der drëtter Generatioun. 2007 ass de fréiere Mëllechbetrib aus dem Duerf op de Sonnebierg ausgesidelt an huet seng Aktivitéiten zanterhier kontinuéierlech erweidert.
Op Besuch zu Branebuerg
De Victor Jungels ass Berufsbeienziichter an der 2. Generatioun zu Branebuerg. Virdrunner haten seng Eltere Margot a Paul vun engem Bauerebetrib op eng Beienziichterei ëmgestallt.
Op Besuch zu Walter
Den Hiesshaff zu Walter ass en typesche Lëtzebuerger Familljebetrib. Gefouert gëtt de klenge Mëllechbetrib an der 3.Generatioun vum Claude Majerus.
Op Besuch zu Iewerleng
De Familljebetrib “Biohaff Kleer” zu Iewerleng ass breet opgestallt. Véier verschidde Standbeen hunn et dem Betrib, deen 2001 op Bio ëmgeklommen ass, erlaabt sech déi lescht Joer weiderzëentwéckelen.
Op Besuch zu Bur
Am Dall vun der Ënnersauer fënnt ee vill Bongerte mat héichstämmege Beem. D’Grënner vu Ramborn, véier Jugendfrënn, déi an dëser wonnerschéiner Regioun liewen, hunn dës Ressource, déi bis ewell net genotzt gouf, einfach verwäert, fir e lokaalt Gedrénks, en natierleche Cider hierzestellen: Ramborn Cider.
Op Besuch zu Äischer
Um Bio-Haff vun der Famill Fischbach zu Äischer gëtt Bio-Geméis ugebaut. D’Annick an de Roland Fischbach hunn de Betrib 1996 gegrënnt.
Op Besuch zu Krautem
De Familljebetrib “An Hueff” zu Krautem gëtt schonns an der 5. Generatioun vun der Famill Pesch gefouert. De Betrib gëtt aktuell vum Eric Pesch a senger Mamm Marianne geréiert.
Op Besuch zu Stackem
Um Mëllechvéibetrib vun der Famill Bourg schaffen dem Marthe seng Elteren, d’Carine an de Claude, esou wéi säi Brudder, de Pol, deen de Betrib enges Daags wäert iwwerhuelen.

#regionalsaisonal

Jughurt a Mëllech, Äppel an Zalot, Kéis an Ham, Eeër a Miel, Hunneg a Rapsueleg ... d’Auswiel un heemesche Liewensmëttel ass grouss. Mee wéi eng Iesswuere kommen aus der Regioun a wéi gi se hiergestallt? Bauere vun Heiheem ginn een Abléck an hier Aarbecht an an d’Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel.