Eis

Baueren

Op Besuch zu Glabech
Schon op der Uni huet de Jeff Diderrich sech Gedanke gemaach, wéi hien de Mëllechvéibetrib doheem zu Glabech kéint diversifizéieren.
Op Besuch an der Schleef
Fir Leit, déi gären Téi drénken, ass d’Lëtzebuerger Mark „Téi vum Séi“ bestëmmt e Begrëff. Gegrënnt gouf se 1993 vun der Naturpark Kraidergenossenschaft Uewersauer“ als Fortsetzung vun enger LEADER-Initiative.
Op Besuch zu Hëpperdang
A siwenter Generatioun féiert den Alex Schanck säit 2018 de Familljebetrib zu Hëpperdang. 1980 huet säit Papp, de Jos Schanck, den Haff op biologesch-dynamesch Landwirtschaft ëmgestallt – als éischte Betrib zu Lëtzebuerg.
Op Besuch zu Kaalber
Fir d’Produktioun vu kalgepressten Ueleger bauen d’Membere vun der Ueliggenossenschaft Eisleck an Naturpark Ourdall Raps, Hanf, Sonneblummen, Mohn a Läin un.
Op Besuch zu Furen
Am Kanton Veianen hunn d’Nëss nach ëmmer eng grouss Roll gespillt. Dat wosst och den André Zewen, wéi hie virun iwwer 40 Joer seng éischt Nëssbeem ugeplanzt huet.
Op Besuch zu Holler
Um Haff vun der Famill Ludivig zu Holler goufe schonn ëmmer Mëllechvéi gehalen a Gromperen ugebaut.
Op Besuch zu Beyren
Op sengem Haff zu Beyren hält de Marc Rollinger virun allem Schwäin a Mammekéi. D’Schwéngefleesch gëtt fir d’Marque nationale produzéiert.
Op Besuch zu Weiler zum Tuer
Mat enger Häerd vu 40 Ostfrisesch Mëllechschof hunn d’Tanja Conter an hier Schwéiermamm Fernande Conter-Lehners éischt Erfarungen an der Schofhaltung gemaach.
Op Besuch zu Kolpech
D’Lëscht vun de Geméiszorten, déi den Thierry Garlemant zesumme mat senger Frëndin an der Cooperative „Koulbicher Uebst a Geméis“ ubaut, ass laang: Tomaten, Paprika, Kornischongen,...
Op Besuch zu Amber
Frësch Mëllech direkt vun der Kou kann ee mëttlerweil bei siwe Bauere kafen, déi e Mëllechautomat op hirem Haff installéiert hunn.
Op Besuch zu Bäerdref
Moies um 6 geet d’Monique Schmalen d’Mëllech vun den Déiere vum Haff vun der Famill, dem Hammhaff, dee vun hirem Brudder Patrick a senger Fra Anne geféiert gëtt, sichen a bréngt se an d’Kéiserei zu Bäerdref.
Op Besuch zu Rouspert
An der Brennerei vu sengem Grousspapp goufen d’„Tudorsgeeschter“ zum Liewen erwächt. Am Betrib, deen elo de Georges Schiltz féiert, ginn d’Drëppen an d’Likören...

#regionalsaisonal

Jughurt a Mëllech, Äppel an Zalot, Kéis an Ham, Eeër a Miel, Hunneg a Rapsueleg ... d’Auswiel un heemesche Liewensmëttel ass grouss. Mee wéi eng Iesswuere kommen aus der Regioun a wéi gi se hiergestallt? Bauere vun Heiheem ginn een Abléck an hier Aarbecht an an d’Produktioun vun héichwäertege Liewensmëttel.