Den Pretemer Haff zu Lampech ass e Familljebetrib, deen 1929 vum Eugène Pretemer gegrënnt gouf. 1994 huet den Nico Hoffmann, den Enkel vum Eugène, d’Leedung vum Haff iwwerholl, wou hie fir d’éischt mat der Mëllechproduktioun weidergemaach huet, ier hien sech lues a lues op den Ubau vu Friichte spezialiséiert huet. 2003 huet hie seng éischt Uebstbeem geplanzt, wat e wichtege Wendepunkt fir de Betrib war. Zanterhier huet hien de Betrib stänneg moderniséiert: Et goufe Killanlagen a Lagerhalen installéiert, eng Sortéierungsstatioun fir Äppel a Biere gebaut, an 2020 gouf e modernen Haffbuttek ageriicht. Haut leeden den Nico Hoffmann an seng Fra Nathalie de Pretemer Haff, dee sech iwwert 21 Hektar erstreckt. Si bauen haaptsächlech Äppel un, mee och Bieren, Quetschen, Mirabellen a Kiischten.
Den Pretemer Haff ass zu Lëtzebuerg besonnesch fir seng Äppel bekannt. „Aktuell hu mir 14 Zorten Äppel. Mir bauen net déi Zorten un, déi de gréissten Ertrag hunn, mä déi, déi de beschte Goût hunn. D’Qualitéit vun eisem Uebst ass ganz wichteg, fir sech géint déi auslännesch Konkurrenz duerchzesetzen“, erkläert den Nico Hoffmann. Am Uebstbau kritt een och d’Auswierkunge vum Klimawandel ze spieren. 2017 goufen iwwer 8 ha Beem mat Netzer iwwerdeckt. Am Fong waren dës als Hagelschutz geduecht, mä wärend de waarme Summeren hu si sech och besonnesch als Schutz géint Sonnebrand bewäert. „Ouni d’Netzer hätt ech bis zu engem Drëttel Ausfall gehat“, esou den Uebstbauer.
„De Konsument freet ëmmer méi no lokale Produiten, an och verschaffte Produiten si staark gefrot“, seet den Nico Hoffmann. Dofir gouf den Haffbuttek mat der Zäit stänneg erweidert. Am Ufank goufen haaptsächlech Äppel a Biere verkaaft, dono koume Gebeess a verschaffte Produiten dobäi. Um Pretemer Haff ginn och Broutweess, Spelz a Kar ugebaut, déi an der hauseegener Bäckerei zu Brout a verschidde Pâtisserieproduiten verschafft ginn. Am modernen Haffbuttek fënnt een nieft dem Uebst vum Haff och eng grouss Auswiel un anere regionale Produite vun anere Baueren.
Dem Nico Hoffmann seng Fra huet ënnert der Mark „Les Folies de Nathalie“ eng grouss Offer u Produiten entwéckelt, wéi Gebeess, Geleeën, Kompotten, Siropen, Zoppen, Zoossen, Pâtisserie an natierlech och déi bekannte Lampi-Jusen. Alles dat kritt een natierlech och am Haffbuttek zu Lampech.
Firwat regional a saisonal akafen?
Regional a saisonal ass natierlech gutt!







