Preparatiouns- a Bakzäit: 120 Minutten
- Den Uewen op 180 °C virhëtzen.
- D’Miel siften, eng Kaul formen an d’Salz, d’Eegiel an de mëlle Botter dobäiginn. Knieden, bis e glaten Taartendeeg entsteet, a fir 30 Minutten an de Frigo leeën.
- Den Deeg an eng Taarteform (28 cm) leeën a kleng Lächer mat enger Forschette an de Buedem picken.
- D’Äppel schielen, entkären, an a Scheiwe schneiden, an duerno a Rosetteform op den Deeg leeën.
- D’Eeër mam Zocker schaumeg schloen, d’Ram an d’Vanill dobäiginn. D’Mëschung iwwer d’Äppel schëdden an 35–40 Minutten am Uewe bake loossen.
- Mat Pudderzocker an, wann ee wëll, och mat Kanéil bestreeën.
- D’Taart ka kal oder waarm giess ginn.
Dir braucht fir 8 Leit:
Fir den Taartendeeg
250 g Miel
125 g Botter
1 Eegiel
eng Prise Salz
1 kg Äppel
Fir de Goss (Flan)
2 Eeër
75 g Zocker
200 g Ram
¼ Vanillsstaang
Fir d’Finitioun
Pudderzocker
Kanéil
Präsentéiert vum
Santé Services S.A.
Philosophie
Eng equilibréiert Ernärung, d’Villfalt, genuch Flëssegkeet zou sech huelen, d’Upassung un individuell Bedierfnesser an d’Präventioun vu Krankheeten sinn déi wichtegst Prinzipie vun eiser Spidolsrestauratioun.
Fir e bësse Faarf an eis Telleren ze bréngen, leeë mir grousse Wäert op eng agreabel Presentatioun vun de Platen, fir eng gemittlech Atmosphär beim Iessen ze schafen. Dat ass wichteg fir d’Wuelbefanne vun de Patient:innen an domat och fir hire Heelungsprozess.
Eis Menue ginn nom Prinzip vun enger Summer- a Wanter-Rotatioun zesummegestallt an enthalen frësch, lokal an saisonal Produkter. D’Iesse fir Patient:innen an Mataarbechter gëtt alldeeglech op der Plaz an eiser Kichen um Site vun den Hôpitaux Robert Schuman gekacht.
Dat Besonnescht un dëser Aart vu Restauratioun ass, dass si komplett an d’Spidol integréiert ass an en Bestanddeel vum Qualitéitsprogramm duerstellt.
Produiten aus der Regioun an der Spidolsrestauratioun ze notzen, geet wäit iwwer Frëschheet a Qualitéit eraus. Et ass en Engagement fir d’Gesondheet vun eise Patient:innen an eng Ënnerstëtzung vun eiser lokaler Wirtschaft – esou kritt een Iesse wat de Kierper ernärt a gläichzäiteg d’Gemeinschaft stäerkt.
Marc Berna, Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman a President vum Verwaltungsrot vu Santé Services S.A.