Rezept fir 12 Persounen
40 Minutten (+ 8 Minutten Bakzäit)
Den Uewen op 200 °C virhëtzen.
D’Eeër an de Cassonade mam Mixer ronn 8 Minutte schaumeg opschloen. D’Miel siften a virsiichteg drënnerhiewen, fir datt den Deeg locker bleift.
E Bakblech mat Bakpabeier ausleeën an den Deeg ongeféier 1 cm déck verdeelen. Am virgehëtzten Uewen 8 Minutte baken (den Uewen net opmaachen).
De Biscuit op e liicht fiicht Kichenduch stierzen, de Bakpabeier nach drop loossen, virsiichteg oprullen, kuerz raschte loossen an nees oprullen. Duerno de Bakpabeier ofzéien.
D’Nëss an enger beschichteter Pan liicht uréischteren an ofkille loossen. D’Ram mam Vanillpolver opschloen. D’Eewäiss mat enger Prise Salz steif schloen. D’Nëss mat der Ram vermëschen an d’Eewäiss virsiichteg drënnerhiewen.
D’Nosscrème op de Biscuit sträichen, dësen oprullen an ofkille loossen. De Wupp ofschneiden.
D’gehuwwelt Hieselnëss mat Muscovado ouni Fett karamelliséieren.
Fir d’Bûche braucht Dir
Fir de Biscuit
4 Eeër
125 g Cassonade
50 g Vollkornmiel
75 g Weessmiel
100 g donkele Schockela
50 ml Ram
40 g gehuwwelt Hieselnëss
1 IL Muscovado
2 Clementinnen
Fir d’Fëllung
125 ml Ram
1 Eewäiss
1 Prise Salz
½ TL Vanillpolver
50 g gemuelle Hieselnëss
50 g zerdréckte Hackernëss
Präsentéiert vun der
Ecole du Goût
Philosophie
Mir iessen op d‘mannst dräimol den Dag. Ideal sollt dat Iesse gesond sinn, sat maachen an net ze deier sinn. Wiele mir eis Liewensmëttel bewosst aus a genéisse mir se och trotz dem hekteschen Alldag?
Wou kommen eigentlech eis „Mëttel fir ze liewen“ hier?
Wat huet eisen Teller mat Ëmwelt, Klima a regionaler Entwécklung ze dinn?
An der École du Goût gi mir dëse Froen op de Fong duerch Sensibiliséierung, Weiderbildung, Atelieren an den aktiven Austausch tëscht Acteuren aus der Liewensmëttelproduktioun – dorënner Produzenten, Gastronomen, den Eenzelhandel a Konsumenten. Eist grousst Zil ass et, Iesse mat alle Sënner ze erliewen, Freed a Virwëlz um Iessen ze fërderen an e Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafen. Méi Informatioun fannt Dir op eiser Websäit ecoledugout.lu.
Gënnt Iech am Chrëschtdagsstress eng genossvoll Paus – mat hausgemaachte Leckereien aus regionale Produiten!
Simone Dégardin & Laurent Bauler
– École du Goût