Zoubereedungszäit: 60–80 Minuten
Killzäit: mindestens 4 Stonnen
- Uewen op 150 °C virhëtzen (Uewen-an Ënnerhëtzt).
- Mëllech, Ram a Vanill zesummen erwiermen (net kache loossen), 15 Minutte zéie loossen.
- D’Eegiel mam Zocker schaumeg schloen: an enger grousser Schossel d’Eegiel mam Zocker schloen, bis d’Mëschung hell a liicht schaumeg gëtt.
- Déi waarm Rammëschung lues ënnert d’Eegiel-Zocker-Mëschung schloen, ouni vill Blosen ze maachen.
- Kleng feierfest Schosselen (100 ml) fëllen an am Bain-Marie baken:
- Déi kleng Schosselen an eng grouss Form stellen.
- Waarmt Waasser bis op hallef Héicht dobäischëdden.
- 40–50 Minutte baken, bis d’Ram fest ass awer nach liicht wibbelt. - Ofkillen: D‘Schosselen aus dem Waasser huelen, ofkille loossen, duerno op d’mannst 4 Stonnen (idealerweis iwwer Nuecht) an de Frigo setzen.
- Karamelliséieren (direkt virum Zerwéieren):
- All d‘Crème brûléë mat enger dënner Schicht brongem Zocker bestreeën (ca. 10 g pro Schossel).
- Mam Flambéierbrenner oder ënner engem ganz waarme Grill karamelliséieren.
Fir 12 Persoune braucht Dir:
Ram 35 %: 0,5 Liter
Vollmëllech: 0,5 Liter
9 Eegiel
360 g feinen Zocker
2,5 g Vanillpudder
120 g brongen Zocker (10 g pro Schossel)
Rezept presentéiert vun
Santé Services S.A.
Philosophie
Eng equilibréiert Ernärung, d’Villfalt, genuch Flëssegkeet zou sech huelen, d’Upassung un individuell Bedierfnesser an d’Präventioun vu Krankheeten sinn déi wichtegst Prinzipie vun eiser Spidolsrestauratioun.
Fir e bësse Faarf an eis Telleren ze bréngen, leeë mir grousse Wäert op eng agreabel Presentatioun vun de Platen, fir eng gemittlech Atmosphär beim Iessen ze schafen. Dat ass wichteg fir d’Wuelbefanne vun de Patient:innen an domat och fir hire Heelungsprozess.
Eis Menue ginn nom Prinzip vun enger Summer- a Wanter-Rotatioun zesummegestallt an enthalen frësch, lokal an saisonal Produkter. D’Iesse fir Patient:innen an Mataarbechter gëtt alldeeglech op der Plaz an eiser Kichen um Site vun den Hôpitaux Robert Schuman gekacht.
Dat Besonnescht un dëser Aart vu Restauratioun ass, dass si komplett an d’Spidol integréiert ass an en Bestanddeel vum Qualitéitsprogramm duerstellt.
Marc Berna, Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman a President vum Verwaltungsrot vu Santé Services S.A., seet:
Produiten aus der Regioun an der Spidolsrestauratioun ze notzen, geet wäit iwwer Frëschheet a Qualitéit eraus. Et ass en Engagement fir d’Gesondheet vun eise Patient:innen an eng Ënnerstëtzung vun eiser lokaler Wirtschaft – esou kritt een Iesse wat de Kierper ernärt a gläichzäiteg d’Gemeinschaft stäerkt.