Regional a saisonal

Rezepter

Feierstengszalot mat enger Brittzopp

Rezept fir 4 Persounen
120 Minutten

Feierstengszalot:

D’Fleesch mam Geméis an engem Dëppen 1,5 Stonnen am Waasser kachen.

D’Zwibbel, de Péiterséileg a d’Kornischong hacken. D’Eeër wierfelen.

D’Fleesch eraushuelen, ofkille loossen, dann a mondgerecht Stécker schneiden.

D’Britt vir eng Brittzopp opfänken.

Ueleg, Esseg, Moschter, Mayonnaise, Salz a Peffer zu enger Vinaigrette veraarbechten.

Zwibbel, Péiterséileg, Kornischong, Eeër a d’Fleesch derbäiginn a gutt mëschen.

Brittzopp:

Britt vum Rand vun der Feierstengszalot opfänken.

An engem Dëppen opkachen a wierzen.

Nuddelen dra kache bis se duerch sinn.

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Dir braucht

Fir d’Feierstengszalot:

1 kg Rëndfleesch
Gemëschte Geméis (z.B. Muerten, Porrett, Zelleri,…)
2 haartgekachten Eeër
1 Bond Péiterséileg
1 Zwibbel
3 Kornischong
3 IL Äppelesseg
4 IL Rapsueleg
1 IL Moschter
1 IL Mayonnaise
Salz a Peffer

Fir d‘Brittzopp:

1 l Rëndsbritt (opgefaangen)
Wierfel Britt no Geschmaach
100 g Pärelennuddelen
Salz a Peffer
E bësse Rëndfleesch (optional)

Präsentéiert vum

Joel Pierrat

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Als gebiertege Lëtzebuerger a leidenschaftleche Genéisser, ass Iesse fir mech méi ewéi nëmmen Ernärung - et ass e Stéck Kultur, een Deel vun eiser Identitéit an en Element dat verbënnt an dat Mënschen zesumme bréngt. Déi lëtzebuergesch Kiche steet dobäi am Mëttelpunkt vu menger Leidenschaft fir d’Kachen. Se vereent Traditiounen, déi vu Generatioun zu Generatioun weidergi sinn, mat den Aflëss vun eisen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch.

A mengem Kachbuch «Lëtzebuerger Genossmomenter» wëll ech net nëmmen déi traditionell lëtzebuergesch Platen méi no bréngen, mee och weisen, wat ganz typesch op den Dësch kënnt. Déi lëtzebuergesch Kichen ass villfälteg a bitt eng Rëtsch buedemstänneg Schlabäizcher. Niewent zäitlose Klassiker ewéi Judd mat Gaardebounen oder Bouneschlupp fannen sech a mengem Buch och Alldagsplaten, déi mer Lëtzebuerger gären hunn - vun einfachen, häerzhafte Klengegkeete bis zu delikate Molzechten, déi ee bei engem Sonndegiessen mat der Famill genéisse kann. 

Déi lëtzebuergesch Kiche verbënnt d’Léift zu regionale Zutate mat enger Leidenschaft fir d’Konscht vum Kachen. Sie bitt dobäi eng grouss Villfalt an erwächt schéin Erënnerungen. D’Buch «Lëtzebuerger Genossmomenter» soll inspiréieren, an d’Welt vun der lëtzebuergescher Kichen anzedauchen, selwer nei Geschmaachserliefnesser ze entdecken a d’Freed a um gemeinsamen Iessen ze deelen - gutt Iesse bedeit nämlech a Lëtzebuerg och ëmmer ee Stéck Heemescht a Gemeinschaft.

E Gudde gewënscht!

 

Fir mech ass Iesse méi ewéi nëmmen Ernärung - et ass e Stéck Kultur!

Joel Pierrat

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!