Regional a saisonal

Rezepter

Gebrodent Schwéngefleesch mat Geméis

  1. D'Fleesch ubroden:
    Den Olivenueleg an enger grousser Kasseroll erhëtzen. D'Stécker Schwéngefleesch bei mëttel-héijer Hëtzt ubroden, bis se schéi brong sinn. D'Fleesch eraushuelen a zeréckstellen.

  2. Geméis ubroden:
    An der selwechter Kasseroll d'Ënn, de Knuewelek, d'Muerten, de Paprika an d'Champignonen derbäiginn. 5 Minutten ubroden. Dann d'Zucchini an d'Tomaten derbäiginn a weider 3 Minutte kachen.

     

  3. Déglacéieren a würzen:
    De Moschtert an den Tomatepüree derbäiginn a gutt vermëschen. Mat wäissem Wäin ofläschen a kuerz reduzéiere loossen.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

  1. Lues kache loossen:
    D'Fleesch zeréck an d'Kasseroll ginn. De Bouillon derbäischëdden an den Thymian an d'Lorberblat derbäileeën. Salzen a pefferen. D'Kasseroll zoudecken a bei niddreger Hëtzt 45 Minutte bis 1 Stonn kache loossen, bis d'Fleesch mëll ass an d'Zooss reduzéiert ass.

  2. Ofschléissen a zerwéieren:
    D'Gewierzer no Bedarf upassen, mat frëschem Péiterséileg bestreeën a waarm zerwéieren. Derbäi passt Räis, Gromperen oder Quinoa.

E lues gekachte Plat, räich u Goût an ideal fir eng gemittlech Moolzecht!

4 Persounen
65 – 80 Minutten

Gudden Appetit!

Dir braucht

600 g Schwéngefleesch vum Kamm oder der Schëller (Marque Nationale), a Stécker geschnidden
2 EL Olivenueleg
1 Ënn, an dënn Scheiwe geschnidden
2 Zéiwe Knuewelek, gehackt
2 Muerten, a Rondelen geschnidden
1 rout Paprika, a Sträife geschnidden
1 Zucchini, a kleng Wierfele geschnidden
200 g Champignonen, an dënn Scheiwe geschnidden
2 Tomaten, a Wierfele geschnidden (oder 200 g Tomatepüree aus der Dous)
200 ml wäisse Wäin (oder Gefligelbouillon)
300 ml Geméisbouillon
2 EL Dijon-Moschtert (optional, fir méi Goût)
1 EL Tomatepüree
1 Strauss Thymian
1 Lorberblat
Salz a Peffer no Goût
frësche Péiterséileg fir d'Dekoratioun

Rezept presentéiert vun

Beim Bertchen

Steve Martelini, Sebastien Moritz
© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Zu Wuelessen, am Häerze vum Éislek, läit de Restaurant Beim Bertchen, wou Regionalitéit, Authentizitéit a Qualitéit grouss geschriwwe ginn. Mat vill Leidenschaft an Engagement empfänkt de Kach Sebastien Moritz a seng Equipe hir Gäscht a proposéiert eng Kichen, déi op frësch, saisonal a lokal Produite setzt. Besonnesch fir d‘Lëtzebuerger Fleesch, dat direkt um oppene Grill am Sall preparéiert gëtt, maache vill Gäscht de Wee op Wuelessen.

D’Kiche vum Beim Bertchen schafft enk mat lokale Produzenten zesummen, fir de Gäscht regional Spezialitéiten unzebidden. Schwéngefleesch vun der Marque Nationale a Rëndfleesch mam Label Produit du Terroir – Lëtzebuerger Rëndfleesch sinn e feste Bestanddeel vun de Menüen.

Dank der Hausgemaach-Auszeechnung vun der Horesca ass garantéiert, dass all Plat frësch an ouni industriell Präparater zoubereet gëtt. Hei kënnt just op den Dësch, wat mat Respekt virum Produit a vill Léift preparéiert gouf. Och de Kampf géint d’Liewensmëttelverschwendung gehéiert zu der Philosophie vum Restaurant.

De Restaurant Beim Bertchen gëtt zanter 2019 a sechster Generatioun vum Steve Martelini gefouert.

Mam Hausgemaach-Label kënne mir op eng verständlech Manéier d’Qualitéit vun eise Platen ervirhiewen. Eis Philosophie besteet doran, frësch ze kachen, regional Produiten ze benotzen an eng méi oppen an éierlech Gastronomie ze fërderen. De Label bréngt Transparenz a séchert eise Gäscht, dass si bei eis ëmmer qualitativ héichwäerteg a selwer gemaachten Iessen erwaarden däerfen.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!