2,5 l Waasser an engem Dëppen zum Kache bréngen. An der Tëschenzäit déi geschielte réi Grompere mat enger Rapp an eng Schossel rappen. An enger Pan 20 ml Rapsueleg waarm gi loossen. Déi kleng geschnidde Schallotten an de Péiterséileg ënner déi gerappte Grompere mëschen an dat Ganzt mat Salz a Peffer wierzen.

E bësse Salz, Zocker an de Jus vun der Bio-Zitroun an d'kachend Waasser ginn. Den ënneschten Deel vun de Spargelen ofschneiden (ca. 2 cm), well deen holzeg a batter schmaache kann. Wann d'Spargele ganz frësch sinn, kann een den ënneschten Deel och einfach ofbriechen, well d'Spargelen do briechen, wou se net méi holzeg sinn. D'Spargelen nëmme kuerz (ca. 2 Minutten) blanchéieren (well se herno nach mat an der Pan sinn, si se zum Schluss duerch), op d'Säit stellen a waarm halen.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

An der Pan mam waarmen Ueleg mam Bake vun de Gromperekichelcher ufänken: 1/5 vun der Gromperemass aus der Schossel huelen, e bëssen ausdrécken an an d'Pan ginn. Wann déi ënnescht Säit goldeg giel gebak ass, muss de Gromperekichelchen ëmgedréint ginn. Op d'Hallschent vum Gromperekichelchen eng Tranche Ham an eng Tranche Kéis leeën. 4 Spargelen dorop leeën an op déi dann erëm eng Tranche Kéis.

D'Ham, déi iwwersteet, iwwer d'Spargele schloen, an duerno dat selwecht mat der anerer Hallschent vum Gromperekichelche maachen. De gefëllte Gromperekichelchen aus der Pan huelen, op e Bakblech mat Kichepabeier leeën an an de Schäffche stellen, fir waarm ze halen.

De Rescht vum Rapsueleg, déi 5 cl Äppelesseg an de Moschter an enger Zaloteschossel glat réieren a mat Salz, Peffer an Zocker wierzen. D'gewäschen a gebotzten Zalot domat mëschen. D'gefëllte Gromperekichelcher aus dem Schäffchen huelen a mat der Zalot op den Telleren zerwéieren.

5 Persounen
1 Stonn

Gudden Appetit!

Dir braucht (fir 4 Persounen):

800 g mielzeg kachend Gromperen
2 ganz kleng geschnidde Schallotten
20 g ganz kleng geschniddene Péiterséileg
1kg geschielte Spargelen
5 Tranchë gekachten Ham
10 Tranchë Gouda
1 Bio-Zitroun
1 Heet Lollo Bionda-Zalot
5 cl Äppelesseg
300 ml Rapsueleg
2 IL Moschter
Salz, Peffer an Zocker

Rezept presentéiert vun

DER MAISON RELAIS VU MUNNEREF

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Die Zutaten für die Menüs in der Maison Relais Munneref kommen so weit wie möglich von den Produzenten aus der Region und aus dem eigenen Kräutergarten. „Uns ist es wichtig, mit unserem Einkauf die Luxemburger Bauern zu unterstützen. Wir legen auch Wert auf kurze Lieferwege, um unseren CO2-Fußabdruck so klein wie möglich zu halten“, sagt Küchenchef Jürgen Burg.

„Wir sind dafür verantwortlich den Kindern, für die wir kochen, die saisonale Luxemburger und internationale Küche anzubieten. Gesund und abwechslungsreich muss sie auch sein. Durch die saisonale Küche entwickeln die Kinder ein Verständnis dafür, dass nicht zu jeder Jahreszeit alles an Gemüse und Obst verfügbar sein kann. Genauso entwickeln sie über das Essen ein Verständnis anderer Esskulturen und lernen, dass die Banane nicht aus Europa kommt.“

Iwwer d'Iessen entwéckelen d'Kanner e Verständnis fir aner Iesskulturen a léieren, datt d'Banannen net aus Europa kommen.