Regional a saisonal

Rezepter

Kalbassquiche mat Mauséiercherszalot

Fir den Deeg d'Botter a kleng Stécker schneiden an zesumme mam Stoffi vermëschen. Miel an Nëss an eng Schossel ginn an d’Botter-Stoffi-Mëschung, 1 Ee an 3-4 Iessläffele kaalt Waasser derbäi ginn. Dat Ganzt mat de Kniedhaken oder mat den Hänn zu engem glaten Deeg verschaffen. An d’Frëschhaltefolie awéckelen a fir ongeféier 30 Minutten an de Frigo leeën.

An der Tëschenzäit fir d’Fëllung de Bakuewen op 200 °C Uewen- an Ënnenhëtzt virhëtzen. De Kalbass wäschen, a Véierel schneiden an d’Käre raushuelen. Duerno an dënn Scheiwe schneiden. D’Schallotte schielen an a Véierel schneiden. D’Kalbasstranchen zesumme mat de Schallotten op e mat Bakpabeier bedeckte Blech ginn. E puer Drëpse Rapsueleg driwwer ginn a mat Salz a Peffer wierzen. Fir 7 Minutten am Uewe baken.

Kürbiskären an enger Pan ouni Fett kuerz uréischteren.

Eeër mat Sauerram a Stoffi vermëschen. Mat Salz, Peffer an enger Prise Muskot wierzen. Dee frësche Rosmarin wäschen an drécherëselen.

© photostudio C. Bosseler

© photostudio C. Bosseler

D‘Quicheform mat Botter afetten a mat Miel areiwen. Den Deeg ausrullen an an d’Form leeën. Mat enger Forschette e puer Mol an den Deeg picken an e fir 10 Minutte bei 175 C virbaken.

Den Deeg aus dem Uewen huelen an d’Eeër-Stoffi-Mëschung an d’Form ginn. D’Kalbasstranchen an d‘Schallotten dekorativ drop verdeelen. D’Quiche fir weider 25-30 Minutte baken.

10 Minutte viru Schluss vun der Bakzäit de Geessekéis iwwer d’Quiche verdeelen a matbaken. Dono d’Quiche aus dem Uewen huelen a mat Kalbasskären a Rosmarin garnéieren.

Optional: Fir eng méi séiss Variant e puer Drëpse Bëschhunneg driwwer ginn.

D’Mauséiercherszalot grëndlech wäschen an dréchnen. Den Apel wäschen an a Véierel schneiden, de Batz eraushuelen an d’Véierel a Stécker schneiden. Zitrounejus driwwer ginn.

Fir d’Vinaigrette Apelesseg a Moschter vermëschen a mat Salz a Peffer wierzen. Nossueleg derbäimëschen.

D’Vinaigrette virsiichteg ënnert d’Zalot mëschen, den Apel dobäiginn an dat Ganzt kuerz virum Zerwéiere mat Nëss bestreeën.

4 Portiounen
1 Stonn (+ 30 Minutte Bakzäit)

Gudden Appetit!

Fir d’Kalbassquiche mat Mauséiercherszalot

Deeg:
50 g Botter
50 g Stoffi
75 g Spelzmiel Vollkar
75 g Weessmiel
50 g gemuelen Hieselnëss
1 Ee

Zalot:
200 g Mauséiercherszalot
1 Apel
2 Iessläffel Nëss
1 Iessläffel Zitrounejus

Fëllung:
1 klengen Hokkaido-Kalbass
3 kleng Schallotten
4 Iessläffel Rapsueleg
15 g Kalbasskären
3 Eeër
50 ml Sauerram
50 g Stoffi
1 Zweig frësche Rosmarin
100 g Geessekéis
1 Iessläffel Bëschhunneg (optional)
Salz, Peffer, Muskot

Vinaigrette:
4 Iessläffel Nossueleg
2 Iessläffel Apelesseg
1 Téiläffel Moschtert
Salz, Peffer

Rezept presentéiert vun

der École du Goût

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Mir iessen op d‘mannst dräimol den Dag. Ideal sollt dat Iesse gesond sinn, sat maachen an net ze deier sinn. Wiele mir eis Liewensmëttel bewosst aus a genéisse mir se och trotz dem hekteschen Alldag?
Wou kommen eigentlech eis „Mëttel fir ze liewen“ hier?
Wat huet eisen Teller mat Ëmwelt, Klima a regionaler Entwécklung ze dinn?

An der École du Goût gi mir dëse Froen op de Fong duerch Sensibiliséierung, Weiderbildung, Atelieren an den aktiven Austausch tëscht Acteuren aus der Liewensmëttelproduktioun – dorënner Produzenten, Gastronomen, den Eenzelhandel a Konsumenten. Eist grousst Zil ass et, Iesse mat alle Sënner ze erliewen, Freed a Virwëlz um Iessen ze fërderen an e Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafen. Méi Informatioun fannt Dir op eiser Websäit ecoledugout.lu.

D’Villfalt vun de regionale Produiten erlaabt eis gesond a lecker Platen ze kachen, déi d’Aromae vun der jeeweileger Joreszäit perfekt erëmspigelen!

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!