De Rëndsfilet mat engem Messer kleng schneiden.
D’Eeër, de Moschter, d’Salz an de Peffer an eng Zaloteschossel maachen a mam Ueleg wéi eng Mayonnaise schloen.
D’Schallotten, d’Kaperen, d’Kornischongen an de Péiterséileg, den Tabasco an d’Worcester-Zooss derbäiginn (op d’mannst 12 Drëpsen Tabasco fir e gutt schaarfen Tartar).
Zum Schluss d’Fleesch mat der Preparatioun vermëschen an direkt op den Telleren uriichten.
Dëst Rezept muss „à la minute“ gemaach ginn a ganz séier giess ginn, well réit Fleesch benotzt gëtt!
Mat enger gudder Zalot an hausgemaachte Fritten zerwéieren.
Rezept fir 4 Persounen
30 Minutten
© photostudio C. Bosseler
Dir braucht (fir 4 Persounen):
600 g Rëndsfilet „Produit du Terroir – Lëtzebuerger Rëndfleesch“
1 Eegiel
4 IL ganz kleng geschnidde Schallotten
2 IL kleng geschnidde Kaperen
3 IL kleng geschnidde Kornischongen
1 IL kleng geschniddene Péiterséileg
2 IL Moschter
Sonneblummen-, Raps- oder Olivenueleg
Salz a Peffer aus der Millen
Tabasco a Worcester-Zooss
Rezept presentéiert vun
De Pefferkär
Claude Rameau, Rachel Rameau, Valentin Rameau © photostudio C. Bosseler
Philosophie
D’Philosophie vum Pefferkär baséiert op dem Respekt fir saisonal a gréisstendeels lokal Produkter an op Hausgemaachtem. De Restaurant stellt déi lokal Produzenten an de Vierdergrond, andeem e mam Programm „Sou schmaacht Lëtzebuerg“ zesummeschafft. E krut och de Label „Hausgemaach“ an ass ee vun den Ambassadeure vun de Lëtzebuerger Wäiner a Cremanten. Op der Kaart steet d’Rëndfleesch mam Label „Produit du terroir – Lëtzebuerger Rëndfleesch“ dacks am Mëttelpunkt. Fir all dës Efforte gouf de Restaurant Pefferkär 2023 mam Präis „Produits du terroir“ am Guide Gault et Millau belount.
„Lokal Produkter konsuméieren huet en Impakt op d’Ëmwelt; den Knowhow an d’Qualitéit vun eisen Handwierker a Baueren gëtt dobäi gewürdegt. Dësen Knowhow, egal ob al oder nei, ass dem Territoire an eise Ressourcen ugepasst. Dat féiert zu Qualitéitsprodukter, déi laang halen an déi ee gär keeft an déi esou zur Dynamik vun eiser Regioun bäidroen. Lokal konsuméieren heescht dacks einfach, minimal veraarbecht Produkter favoriséieren, déi transparent a punkto Fabrikatioun sinn“, sou d’Rachel Rameau.
Lokal Produkter konsuméieren huet en Impakt op d’Ëmwelt; den Knowhow an d’Qualitéit vun eisen Handwierker a Baueren gëtt dobäi gewürdegt.