3 Schallotte schielen a ganz reng schneiden. D’Schallotten an enger Kasseroll mat 500 ml roudem Wäin op klenger Temperatur ubroden, bis de Wäin ëm d’Hallschent agekacht ass. 250 ml Ram derbäiginn a 15 Minutte lues kache loossen. Ganz zum Schluss 100 g Botter derbäiginn. Soubal de Botter geschmolt ass, alles mixen an op d’Säit stellen.
Den Topinambur schielen an a graff Wierfele schneiden. Dës Wierfelen am kachende Salzwaasser ronn 20 Minutte kachen an d’Mëllech derbäiginn. Wa se gekacht sinn, duerch eng Seibecke schëdden, fir déi iwwerschësseg Flëssegkeet ofzeschëdden, ouni se ganz ofkillen ze loossen. Alles mixen, bis e Püree entsteet, an dann op d’Säit stellen.
De Rescht vun de Schallotte schielen a ganz reng schneiden. D’Schallotten an enger Pan mat e bëssen Ueleg ubroden, ouni datt se Faarf unhuelen. 30 g Botter derbäiginn, salzen, pefferen, dann, ganz no Ärem Goût, Thymian a Lorber derbäiginn. Soubal de Botter geschmolt ass, d’Schallotte bei ganz niddreger Temperatur 20 Minutte goe loossen.
D’Wuerzelgeméis schielen an a kleng Wierfele vun 1 x 1 cm schneiden. Am kachende Salzwaasser 5 bis 7 Minutte kachen (déi orange Mini-Rommele brauchen 8 bis 10 Minutten).
© photostudio C. Bosseler
© photostudio C. Bosseler
D’Grompere schielen (wann néideg am Waasser loossen, fir datt se net schwaarz ginn), da mat engem Melouneläffel kleng Bullen erausschneiden. D’Grompere wärend 5 Minutten an enger Kasseroll am liicht kachende Waasser blanchéieren (d’Bulle musse fest bleiwen).
D’Bratzelen an de Kierwel kleng schneiden, dann op d’Säit stellen. D’Gromperen an enger Pan mat e bëssen Ueleg a Botter broden. Zum Schluss d’Kraider derbäiginn.
Iwwerdeems déi virbereeten Topinambur-Crème opwiermen, salzen, pefferen an ongeféier 150 ml Ram derbäiginn, fir dat Ganzt crèmeg ze maachen. D’Saumonspavéen op der Haut an enger Pan mat Ueleg broden.
E klengen Trick vum Chef: D’Schuele vum Geméis versuergen, fir doraus Chips ze maachen an dem Plat nach méi Textur ze ginn.
6 Persounen
1 Stonn 15 Minutten
Dir braucht:
6 Saumonspavéen (vu jeeweils 140 bis 150 g)
8 Schallotten
600 g Gromperen
1,2 kg Topinambur
3 bis 4 Stéck Wuerzelgeméis vun Ärem Choix: grénge Réidech, mofe Réidech, orange Mini-Rommelen, giel Muerten oder Pastinaken
150 ml deelentraamt Mëllech
400 ml Ram mat 30 % Fett
500 ml roude Wäin
150 g ongesalzene Botter
Thymian, Lorber
Bratzelen, Kierwel
Rapsueleg
Salz a Peffer
Rezept presentéiert vun
Um Scheierhaff Bistro & View
© photostudio C. Bosseler
Philosophie
Einfach an authentesch, dat sinn déi Wierder, déi de Chefkach Sébastien Massy a seng Kichen am Bistro um Scheierhaff am beschte beschreiwen. De Chef passt seng Rezepter un d’Joreszäiten un, woubäi hie besonnesch vill Wäert drop leet, de Produit am Ganzen ze verschaffen, fir d’Liewensmëttelverschwendung op e Minimum ze reduzéieren.
A seng Platen kënnt nëmmen dat, wat wierklech néideg ass, näischt méi an näischt manner, an hie passt op, keng dekorativ Elementer ze benotzen, déi näischt zum Goût bäidroen. De Chefkach Sébastien Massy spillt och gäre mat de verschiddenen Texturen a Gewierzer, Elementer, deene senger Meenung no net genuch Opmierksamkeet geschenkt gëtt, wann et ëm d’Entwécklung vun engem Plat geet.
Seng Philosophie an der dagdeeglecher Kichen ass déi vum berüümte Spëtzekach Paul Bocuse: „Klassesch oder modern, et gëtt nëmmen eng Kichen… déi gutt!”
De Chefkach Massy verschafft de Produit am Ganzen, fir d’Liewensmëttelverschwendung op e Minimum ze reduzéieren.