Regional a saisonal

Rezepter

Summerleche Flammkuchen

Zoubereedungszäit: 1 Stonn

Fir den Deeg all d‘Ingredienten an enger Schossel vermëschen a séier zu engem glaten, elasteschen Deeg knieden. Ofgedeckt 10 Minutte bei Raumtemperatur roue loossen.

Duerno den Deeg a véier gläich grouss Stécker deelen. All Stéck nach eng Kéier kuerz knieden, zu enger Kugel formen an ofgedeckt nach ongeféier 45 Minutte bei Raumtemperatur roue loossen.

Déi véier Deegkugelen op enger liicht bemielter Aarbechtsfläch ganz dënn ausrullen.

D’Geméis wäschen. D’Ënnen a kleng Tranche schneiden, d’Kiischtentomaten an Zwee schneiden an d’Courgette mat engem „Sparschäler“ der Längt no an dënn Sträife schneiden.

D’Sauerram mam Stoffi vermëschen a mat Salz a Peffer ofschmaachen.

Den Deeg dënn mat der Stoffimëschung besträichen a mat Courgetten, Kiischtentomaten an Ënne beleeën. Kleng Stécker Geessekéis gläichméisseg um Deeg verdeelen.

3 bis 5 Minutte bei 400–450 °C direkt am Pizzauewe* baken, bis de Bord goldbrong a knuspereg ass. Nom Bake mat frëschem Thymian bestreeën an direkt zerwéieren.

*Am normalen Uewe bei 250 °C 13 Minutte baken

© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Dir braucht

fir 4 Deeg

Fir den Deeg

170 ml Waasser
170 g Weessmiel
170 g Spelzmiel (Vollkar)
1 Prise Salz
2 EL Ourdaller Rapsueleg

 

Fir de Belag

130 g Sauerram
130 g Stoffi
1 giel Courgette
1 gréng Courgette
2 rout Ënnen
250 g Kiischtentomaten

200 g Geessekéis
Peffer, Salz an Thymian

 

Präsentéiert vun der

École du Goût

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Mir iessen op d‘mannst dräimol den Dag. Ideal sollt dat Iesse gesond sinn, sat maachen an net ze deier sinn.

Wiele mir eis Liewensmëttel bewosst aus a genéisse mir se och trotz dem hekteschen Alldag?

Wou kommen eigentlech eis „Mëttel fir ze liewen“ hier?

Wat huet eisen Teller mat Ëmwelt, Klima a regionaler Entwécklung ze dinn?

An der École du Goût gi mir dëse Froen op de Fong duerch Sensibiliséierung, Weiderbildung, Atelieren an den aktiven Austausch tëscht Acteuren aus der Liewensmëttelproduktioun – dorënner Produzenten, Gastronomen, den Eenzelhandel a Konsumenten. Eist grousst Zil ass et, Iesse mat alle Sënner ze erliewen, Freed a Virwëlz um Iessen ze fërderen an e Bewosstsinn fir eng nohalteg Iesskultur ze schafen. Méi Informatioun fannt Dir op eiser Websäit ecoledugout.lu.

D’Villfalt vun de regionale Produiten erlaabt eis gesond a lecker Platen ze kachen, déi d’Aromae vun der jeeweileger Joreszäit perfekt erëmspigelen!

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!