De roude Kabes ganz reng schneiden, d’Ënnen och an dënn Scheiwe schneiden, a béides dann am waarme Schmalz ubroden a mat Salz, Peffer a Kanéil wierzen. Mat ½ l roude Wäin a mam Esseg ofläschen. Bei niddreger Temperatur a mam Deckel um Dëppe lues brutschele loossen. D’Biere schielen an an ½ l Waasser mat 100 g Zocker kache bis se mëll sinn. Déi rout Molbier mat 75 g Zocker lues op klengem Feier akache loossen.
D’Miel, d’Eeër, ⅛ l Waasser an d’Salz mam Peffer (wäiss, gemuel) an enger Schossel gutt mam Handmixer mëschen. Den Deeg soll schéi fest bleiwen. Fir d’Kniddelen ze kachen, Salzwaasser un d’Kache bréngen a mat engem Iessläffel kleng Stécker vum Deeg oftrennen an an dat kachend Waasser ginn. D’Kniddele si fäerdeg, wa se un der Uewerfläch schwammen.
Mat dem an e bësse Botter gebrodene Speck garnéieren.
D’Steaks schaarf a waarmem Ueleg ubroden. A Sëlwerpabeier awéckelen a waarm halen. D’Fett aus der Pan huelen, dann d’Champignone mat e bësse Botter, de kleng geschniddene Schallotten a mam Knuewelek brode loossen. Mat ¼ l roude Wäin ofläschen, mat Salz a Peffer wierzen an ofschmaachen.
4 Persounen
2 Stonnen
© photostudio C. Bosseler
Dir braucht
800 g Steak vum Hirsch
100 g fetten a more Speck
400 g Bio-Champignonen
1 kg réie roude Kabes
150 g Ënnen
3 Zéiwe Knuewelek, gemuel
50 g Schallotten
4 Kachbieren (Zort Gieser-Wildeman)
100 g rout Molbier
50 g Botter
100 g Schmalz
500 g Miel
175 g Zocker
5 ganz Eeër
¾ l roude Wäin
¼ l Esseg
Lorberblat an Neelcheskäpp
Salz, Peffer a Kanéil
Rezept presentéiert vun
Les Écuries du Parc
zu Clierf
© photostudio C. Bosseler
Philosophie
Lokal Produiten an traditionell Rezepter sinn d’Häerzstéck vun der Aarbecht vum Kichechef Marc Arend. Him ass et wichteg, seng Passioun fir frësch Qualitéitsproduiten aus der Regioun mat senge Clienten ze deelen. Genee wéi seng Leidenschaft fir d’Kachen, déi hie säit Joren u Léierjongen a -meedercher weidergëtt, woubäi hien och Wäert op eng gesond an equilibréiert Ernärung leet.
„Die Zutaten kommen aus der Region, sind frisch und werden vor Ort verarbeitet“, sagt Marc Arend. Das ist im Sinne eines guten Geschmacks und natürlich auch des Klimaschutzes. Dies ermöglicht eine völlige Transparenz in der Lieferkette und somit die Sicherheit der Lebensmittel. Die Karte des Restaurants wird der jeweiligen Saison angepasst, um die natürlichen Wachstumszyklen von Gemüse und Obst sowie die Traditionen der Region zu respektieren.