Regional a saisonal

Rezepter

Vegaant Gegrills an Zalot mat Spargelen an Äerdbier

Virbereedungs- a Kachzäit: 45 Minutten

D'Spargele botzen an dat Holzegt erofschneiden. De Fenchel an Tranchë schneiden, an zwar esou, datt se net an eenzel Stécker zerfalen. 

Déi jonk Muerte gutt botzen an dat Gréngt bis op 4 cm erofschneiden. Den Apel a véier Stécker schneiden an de Batz an d'Kären eraushuelen. 

D'Äppelstécker, d'Spargelen, d'Fencheltranchen an d'Muerte grillen, bis se duerch sinn (net iwwer oppener Flam)

© photostudio C. Bosseler
© photostudio C. Bosseler

D'Gromperen an de Sëlwerpabeier awéckelen an an de Kuele goe loossen, bis se duerch sinn. Je nodeem, wéi déck d'Grompere sinn, no 20 Minutte mat engem Messer drapicken, a wa se duerch sinn, aus der Glous huelen. 

D'Gromperen aus dem Sëlwerpabeier huelen, opbriechen an dat Bannescht mat engem Läffel aus der Schuel eraushuelen. 

D'Gromperen an enger Schossel mat Olivenueleg, Salz a Peffer wierzen a gutt mëschen.

Fir d'Zalot de Peffermënz, de Péiterséileg an dat Gréngt vum Fenchel kleng schneiden. D'Spargelen, d'Äerdbieren, d'Äppel an d'Fréijoersënn kleng schneiden an mat de Kraider mëschen. Fir d'Zalotenzooss den Äerdbierbalsamico mat Olivenueleg, Salz a Peffer mëschen.

© photostudio C. Bosseler

D'Muerten, déi lues gegrillt goufen, de laange Wee opschneiden an zesumme mat de Fencheltranchen mat Fleur de sel a Peffer wierzen an dann Olivenueleg droppinselen

Fir d'Fakelbrout déi 200 g Weessmiel, d'dréchen Hief, en hallwen Iessläffel Zocker, en hallwen Iessläffel Salz an een Iessläffel Olivenueleg mëschen a gutt knieden. Den Deeg eng hallef Stonn roue loossen. Duerno dënn ausrullen, rondrëm e Bengel wéckelen an iwwer oppener Flam um Grill ausbaken.

 
© photostudio C. Bosseler

Gudden Appetit!

Fir 4 Persoune braucht Dir:

12 wäiss Spargelen
250 g Äerdbieren
1 Apel
1 Fréijoersënn
1 Fenchel (mam Gréngs)
4 Gromperen
4 Muerten (mam Gréngs)
200 g Weessmiel

½ Päckelchen dréchen Hief
½ EL Zocker
Peffermënz
Péiterséileg
Olivenueleg
Äerdbierbalsamico
Fleur de sel
Peffer
4 Stécker Sëlwerpabeier

Rezept presentéiert vun

Ben Weber

Fir dëst Rezept ass de Ben Weber vum Haff Fromburg, vum Haff Muller-Lemmer a vu Käre vum Séi beliwwert ginn.

© photostudio C. Bosseler

Philosophie

Mat regionalen a saisonale Produiten ze kachen ass fir de Ben Weber deen eenzeg richtege Wee; dat eenzegt, wat Sënn mécht. „D’Fro, déi jidderee sech stelle soll ass vill méi déi heiten: Firwat sollt een net mat Liewensmëttel schaffen, déi an der Regioun produzéiert ginn a Saison hunn?“, seet hien. „Den direkte Bezuch zu der Wuer an zum Produzent ass dat, wat een Iesse perséinlech mécht. An dovun ofgesinn ass regional a saisonal anzekafe besser fir d’Ëmwelt a fir de Lëtzebuerger Marché. Et ass ee logesche Schrëtt, deen ëmmer Standard war a misst rëm zur Selbstverständlechkeet ginn.“

Den direkte Bezuch zu der Wuer an zum Produzent ass dat, wat een Iesse perséinlech mécht.

Maacht mat a schéckt

Maacht mat a schéckt

eis Äert Liblingsrezept

Saisonal

Rezepter

Vill Spaass beim Nokachen!