Fir d’Eisekuchen d’Wëllkarmiel, den Zocker, d’Backpulver an d’Salz an enger grousser Schossel vermëschen.
D’Bottermëllech, den Hanfueleg, d’Ee an d’Gewierzer derbäimaachen. Mat engem Schnéibiesem gutt vermëschen.
Den Deeg ongeféier 10 Minutte goe loossen an d’Eise virhëtzen.
De Bakuewen op 160°C hëtzen. D’Tranchë réi Ham op e Bakblech leeën, dee mat Bakpabeier ausgeluecht ass. En zweete Bakpabeier op d’Ham leeën an dat Ganzt mat engem anere Bakblech ofdecken.
Ongeféier 25 bis 30 Minutten am Uewe baken, bis d’Ham knuspereg ass.
D’Geméis schielen an an déi gewënschte Forme schneiden, duerno mam Rapsueleg, Salz a Peffer marinéieren. Ongeféier 15 Minutte bei 200°C am Uewe broden.
D’Eisekuche baken.
Den Estragon kleng schneiden a mam frësche Geessekéis vermëschen.
D’Eisekuchen op en Teller leeën a mam Kéis, mam Geméis, der Ham, den Nëss/Kären a mam Hunneg garnéieren.
Rezept fir 8 Eisekuchen
40 Minutten
© photostudio C. Bosseler
Fir d’Eisekuche braucht Dir
120 g Wëllkarmiel
15 g Zocker
1 ½ TL Backpulver
½ TL Salz
280 ml Bottermëllech
60 g Hanfueleg
1 Ee
¼ TL Muskot & gemuelene Kümmel
D’Bäilagen
12 Tranchë réi Ham „Marque nationale“
160 g frësche Geessekéis (Natur)
10 g frëschen Estragon
1 Bott Réidercher
1 Botte gréng oder wäiss Spargelen
2 rout Ënnen
200 g Kolraf
1 EL Rapsueleg
2 EL lëtzebuergesche Fréijoershunneg
Fakultativ: Hackernëss & Hanfkären
Rezept presentéiert vun der
École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
Steve Lentz © photostudio C. Bosseler
Philosophie
Zënter 1950 forméiert d’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) déi zukünfteg Professionell an der Gastronomie an der Hotellerie aus, dëst ënnert anerem och mam Ziel seng Schüler a Studenten op eng méi ëmweltbewosst Liewensastellung ze sensibiliséieren.
D'Schoul gëtt sech als modern, ambitiéis an dynamesch. Am Mëttelpunkt vun hirer pedagogescher Approche steet ënnert anerem och d’Verstäerke vun nohaltegen Approchen. Iwwer déi ganz Ausbildung kréien d’Schülerinnen an d’Schüler bäibruecht wéi wichteg et ass lokal a saisonal Produiten ze verschaffen. Dëst féiert zu kuerze Liwwerweeër an ënnerstëtz gläichzäiteg déi Lëtzebuerger Produzenten.
Zudeem entwéckelen sech bei de Schüler awer och Anti-Gaspi Reflexer, dëst zum Beispill och duerch d’Verwäertung vun de Paruren an de Liewensmëttelreschter. Heiduerch gëtt d’Liewensmëttelverschwendung reduzéiert, an e verantwortlechen Ëmgang mat de Ressourcë gëtt ënnerstëtzt.
Well mer eis vum Impakt vun eisem Handlungen op d’Ëmwelt bewosst sinn, ginn d’Schüler op ee räsonabelt Notzen vun de natierleche Ressourcë wéi Waasser a Gas sensibiliséiert. Duerch dee fréie Kontakt mat dësen ëmweltbewosste Praktiken an hirer Ausbildung, ginn si zu den Acteure vun engem positive Wandel an der Hospitalitéitsindustrie.
An der EHTL ginn déi Jonk incitéiert ëmweltbewosst ze handelen.