Rout Friichte méi laang lageren
Rout Friichten halen sech méi laang, wann een se mat enger Mëschung aus Esseg a Waasser am Verhältnis 1:3 ofwäscht. D’Schimmelsporen a Bakteerie ginn doduerch futti. D’Friichte mussen duerno gutt ofgedréchent ginn, ier se an de Frigo kommen.
Mirabellen ouni Kär
D’Mirabellen d’éischt wäschen a kachen, duerno loossen sech mat enger Passe-vite d’Käre ganz einfach eraushuelen. D’Passe-vite op en Dëppen oder eng Schossel setzen an déi gekachte Mirabellen afëllen. D’Haut an d’Käre bleiwen an der Passe-vite, d’Fruuchtfleesch vun de Mirabelle gëtt passéiert an et entsteet e Mous.
Mat regionale Friichte baken
Fir dës waarm Joreszäit ass eng selwergemaachten Taart mat frëschem Uebst genee dat Richtegt. A firwat se dann net komplett mat regionale Produkter baken? Miel, Botter, Eeër, Äppel, Bieren, Prommen, Quetschen, Mirabellen, Kiischten … D’Offer ass grouss. A fir déi, deenen et net séiss genuch ka sinn, däerf e Läffel Schlagsan oder eng Bull Glace natierlech net feelen.