Verhënneren, datt Äppel duerch Oxidatioun brong ginn
D’Äppelstécker dräi bis fënnef Minutten an eng Schossel mat kalem Waasser an e bëssen Zitrounejus leeën (1 Iessläffel Zitrounejus op eng Taass Waasser). Ofdrëpse loossen an dann ofspullen.
Chiconen – esou sinn se frësch
Chicone verdroe keng Sonn a gëllen dofir als typescht Wantergeméis. Fir sécher ze sinn, datt d’Chicone frësch sinn, sollt een se laanschteneereiwen. Wann se quiitschen, sinn se nach ganz frësch.
Déck Nëss ganz einfach knacken
Déck Nëss (Hackernëss) fir eng bis zwou Stonnen an de Freezer leeën. Duerch d’Keelt gëtt d’Schuel vun der Noss porös. Doduerch léisst se sech méi liicht knacken.